Entreprisë loosse Kritik vu Konkurrenzautoritéit net gëllen
Och wa Congé collectif 3 Wochen Abousse bedeit, freet de Sopinor-Patron sech op d'Vakanz an ass net d'Accord mat der Analys vun der Konkurrenzautoritéit.
E Freideg an enger Woch geet de Kollektivcongé un a vun deem Ament u wäert vill Chantiere fir dräi Woche brooch leien. Dat et da méi roueg am Land gëtt, ass net nëmme gutt fir d'Residenten, mä och fir d'Aarbechter aus dem Bausecteur, déi déi leschte Méint hu missten an der Onsécherheet schaffen.
D'Kritik vun der Konkurrenzautoritéit, datt de Secteur ënner anerem d'Salairen ënnerteneen ofschwätzt, léist op alle Fall d'Entreprise Sopinor net gëllen. Den Orlando Pinto verséchert eis, datt sech d'Entreprisen net ofschwätzen, wat d'Pai betrëfft, an och net, datt ee manner Logementer baut, fir se méi deier op e Marché ze bréngen. De Patron vu Sopinor seet da weider, datt obwuel seng Firma nieft dem Clé en main och an der Voirie schafft, een et déi leschte Méint net einfach gehat hätt.
Trotz der schwiereger Situatioun freet ee sech an der Entreprise, déi ënner anerem den Tramschantier geréiert, op d'Vakanz. Hir Salariéen, esou de Patron, bräichte sech a priori keng Suergen ze maachen. Aarbecht wier nach ëmmer do, mä et misst een als Firma oppassen. E Samschdeg gëtt dann zum Ofschloss e Fest organiséiert, bei där Geleeënheet wëll d'Direktioun hire Leit Merci fir d'Aarbecht an d'Vertraue soen.