D'Etüd vun der Konkurrenzautoritéit huet nawell fir Opreegung am Bausecteur gesuergt.

D'Margen hätte sech an de leschten 10 Joer rasant entwéckelt, obwuel net méi gebaut ginn ass. D'Léin sinn och net entspriechend an d'Luucht gaangen. Wärend den OGBL kritiséiert, dass d'Aarbechtskonditiounen am Secteur net méi valoriséiert ginn, weist d'Handwierkerfederatioun d'Reproche vu sech a schwätzt vun Diffamatioun.

Kris um Bau: OGBL a FA reagéieren / Reportage Monica Camposeo

D'Etüd géing de ganze Secteur an een Dëppe geheien, esou de Romain Schmit, Generalsekretär vun der Federation des Artisans. An der Etüd géing nämlech net genee tëscht de Bauentreprisen an de Promoteuren ënnerscheet ginn. D'Handwierkerfederatioun gesäit d'Etüd als Oflenkung virun de Chamberwalen, et géing elo versicht ginn, e Schëllegen ze fannen.

Dass d'Baubranche manner baue géing, fir d'Präisser vun den Immobilien héich ze halen, huet de Romain Schmit och vu sech gewisen. Et hätt dann och, wat d'Salairen am Secteur ugeet, keng Ofsproochen tëscht den Entreprise ginn, betount de Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun Romain Schmit, deen awer och zougëtt, datt een aktuell scho Problemer an der Branche gesäit.

D’CDDe ginn net verlängert an den Interim géing och net méi funktionéieren. Mä virun allem nom Kollektivcongé kéint et zu weider Problemer kommen. Dem Secteur géing ëmmer de Promoteur hir Margen un de Kapp geheit ginn, mä dorëms géing et net goen. Vill méi sollte Mesurë geholl ginn, fir d’Aarbechtsplazen ze sécheren.

Extrait Romain Schmit

OGBL wëll besser Aarbechtskonditiounen am Bau

D'Verhandlunge wieren zwar allgemeng ni einfach gewiescht, sot dozou de Jean-Luc de Matteis vum OGBL, mä am Endeffekt wier een ëmmer zefridde gewiescht, mat den Accorden, déi fonnt goufen. Et sollt een effektiv net d’Margë vun de Promoteuren mat deenen vun de Bauentreprisen duerchernee geheien.

Elo wier et wichteg, dass d'Aarbechtskonditiounen am Secteur opgewäert ginn, zum Deel och duerch besser Salairen. Donieft huet den OGBL kloer Fuerderungen un d'Politik, fir de Secteur aus der Kris ze kréien. Et sollt sech awer op déi privat Keefer konzentréiert ginn an net den Investisseure gehollef ginn, fir den Immobiliësecteur nees unzekuerbelen.

Allgemeng wier d'Lag am Bausecteur eng ganz divers, verschidde Firme struewele méi wéi anerer, soten esouwuel d'Gewerkschaft wéi och d'Handwierkerfederatioun.