De Franz Fayot huet e Mëttwoch op d'Analyse iwwert den Immobiliësecteur vun der Konkurrenzautoritéit reagéiert.

"D’Promoteuren an d’Immobilienagencen hunn déi lescht Jore wesentlech zur Präissexplosioun am Logement bäigedro". Déi Konklusioun zitt de Wirtschaftsminister Franz Fayot aus der Enquête vun der Konkurrenzautoritéit, déi e Mëttwoch de Moie publizéiert gouf. Aus där Enquête geet ënnert anerem ervir, datt d’Promoteuren hir Brutto Margen tëscht 2010 an 2020 ëm 8 multiplizéiert hunn. An där selwechter Zäit ass d’Zuel vun neie Wunnengen quasi konstant bliwwen.

De Franz Fayot ënnersträicht an enger Stellungnam follgend Constaten aus der Enquête: 83% vum Bauterrain gehéieren e puer Betriber a Privatleit an hir Spekulatioun géing zur Deierecht vun de Wunnengspräisser féieren. Promoteure géingen iwwerdeems dacks zesummeschaffen, mä do missten d’Konkurrenzreegele respektéiert ginn. De Verdacht, datt Bauentreprisen hir Aarbechter bewosst schlecht bezuelen, wat dozou féiere géing, datt et un Aarbechter géing feelen an deemno manner séier kéint gebaut ginn. An de Franz Fayot rappelléiert, datt hien op d’Kommissioun vun 3 Prozent opmierksam gemaach hat, déi d’Immobilienagence froen, wat och nees d’Präisser géing an d’Luucht dreiwen.

Als zoustännege Minister fir d’Konkurrenz huet de Franz Fayot nach annoncéiert, datt hien de Regierungsrot mat de Resultater vun der Enquête wäert befaassen. "Mir mussen op alle Niveauen alles maachen, fir de Wunnengsproblem zu Lëtzebuerg ze léisen", sou de Franz Fayot. Ënnert anerem missten d’Aktivitéite vu Promoteuren an Immobilienagencen anescht encadréiert a besser reglementéiert ginn.

De Franz Fayot am RTL-Interview

Zoustännege Minister reagéiert op d'Präisexplosioun am Logement.
Als zoustännege Minister fir d’Konkurrenz huet de Franz Fayot nach annoncéiert, datt hien de Regierungsrot mat de Resultater vun der Enquête wäert befaassen.

Den LSAP-Wirtschaftsminister reagéiert op d’Remark, datt d’Konkurrenzautoritéit deels just e Verdacht ausdréckt, ouni Beweiser. Hie gëtt zou, datt verschidden Affirmatiounen an der Enquête misste verdéift ginn, well wann se wouer wieren, da wier dat «grav».

Donieft erkläert hien, wat a sengen Ae misst gemaach ginn: d’Politik an d’Promoteuren misste Léisunge fannen, fir datt een am Bau virukënnt, awer mat "acceptable" Profitter. Donieft huet hie seng Fuerderung widderholl, datt d’Kommissioune vun den Agence misste méi transparent sinn. Entweder op d’Stonn berechent oder an absolutten Zuelen. An net ewéi meeschtens haut op 3%.