"Wuesstem léist keng Problemer"
Fokus stellt sech programmatesch a personell fir d'Chamberwalen op. De Programm gouf schonn deels presentéiert, weider Punkte goufen elo dran opgeholl.
Mat "Wuesstem léist keng Problemer – Courage fir Verännerung" sinn déi véier Säiten a klenger Schrëft iwwerschriwwen, op déi um Nationalkongress vu Fokus am Hotel Légère e Samschdeg zu Mënsbech nach eng Kéier agaangen gouf. Et wier een awer keng Anti-Wuesstems-Partei, ënnersträicht den Nationalpresident Marc Ruppert. Wuesstem wier néideg, mee et misst ee Problemer an der Bildungs-, der Familljen-, Gesondheets- an Ëmweltpolitik anescht léisen.
Fir e puer vun den Iddien aus dem Programm ze nennen: Fokus fuerdert d'Direktwal vum Buergermeeschter duerch all d'Wieler vun enger Gemeng an enger separater Wal. Domat géing dat Gespills ëm dëse Posten no de Walen ophalen, constatéiert den nationale Spëtzekandidat Frank Engel. Nom selwechte Prinzip soll et eng landeswäit Direktwal vum Premierminister ginn.
Weider Fuerderungen ënnert dem Punkt Gläichbehandlung sinn, dass fir e Kredit op der Bank, jidderee mat selwechtem Akommes soll d'selwecht behandelt ginn. Et dierft keen Ënnerscheed tëscht Staats- a Privatbeamte gemaach ginn, sou de Generalsekretär Gary Kneip. D'Eegekapital, wat néideg ass, wann een eng Immobilie vu bis zu enger Millioun keeft, dierft net méi héich wéi 75.000 Euro sinn.
Fokus positionéiert sech géint eng Ierfschaftssteier. Dofir misst awer och de Verkaf vun enger geierfter Immobilie, vun der Besteierung vun der Plus-value befreit ginn.








Op internationalem Plang wëll Fokus sech staark maachen, dass d'Ukrain elo direkt Member vun der Nato gëtt.
"Wann een eng aner Politik wëll, da muss een dat wielen", sou de Frank Engel. Bei wiem d'Wieler den 8. Oktober kënnen hiert Kräiz maachen, gouf och zum Deel schonn annoncéiert. Anescht wéi bei anere Parteie ginn et bei Fokus 12 Spëtzekandidaten: Fir de Süden de Luc Majerus, de Gary Kneip, d'Mandy Lietz an d'Anne Lecuit. Fir den Zentrum de Frank Engel, de Marc Ruppert, d'Micky Maller an de Cédric Bellwald. Fir den Osten de Jacques Linster an d'Sandra Bilic Klaty a fir den Norden d'Anne Winter an de Jeff Steichen.
E Samschdeg gouf um Kongress dann och nach Ënnerschrëfte gesammelt fir eng legislativ Initiativ vum Member Jean-Marie Heyder. Dës gesäit vir, dass d'Amt vum Buergermeeschter an d'Mandat vum Deputéierten net méi matenee vereenbar solle sinn. Esou Initiative sinn zanter dem a Kraaft triede vun der neier Verfassung méiglech. Lo ginn 125 Presentateure gebraucht, ier dann 12.500 Wieler mussen ënnerschriwwen hunn, fir dass d'Initiativ an d'Chamber kënnt an do wéi eng Gesetzespropos behandelt gëtt.