Wat méi gréng, wat méi gesond, wat méi rout, wat méi ongesond. Den Nutri-Score definéiert den Nährwert vu Liewensmëttel.

Zanter 2021 gëtt et d’Skala vum Nutri-Score op de Verpackungen och hei am Land fir lëtzebuergesch Entreprisen. Den Nutri-Score kënnen hei am Land 98 Prozent vun de Leit tëscht 25 an 34 Joer. Vun de méi ale Leit sinn et am Schnëtt 76 Prozent. De Label gëtt den Närwäert vun zesummegesate Liewensmëttel a fënnef Ofstufungen un, jee nodeem, wéi gesond se agestuuft sinn. De Ministère fir Verbraucherschutz, huet e Méinden eng Etude iwwert den Nutri-Score Label presentéiert.

Nutri-Score Erkläerung / Reportage Diana Hoffmann

D'Etüd am Optrag vum Verbraucherschutzministere sollt erausfannen, wéi gutt den Nutri-Score-Label souwuel bei de Konsumenten, wéi och bei den Entreprisen hei am Land ukënnt.

Gutt d'Hallschent vun de Konsumenten hunn uginn, dass se sech un der Lëscht vun den Ingredienten orientéieren, wa se wëlle wëssen, wat a Liewensmëttel dran ass. Dës muss EU-Direktiv no op alle Verpackungen ofgedréckt sinn. Un Label an anere Markéierungen orientéiere sech 26 Prozent vun de Befroten.

Ee vun dëse Labelen ass zanter 2021 och hei am Land den Nutri Score. Der Etude no kafen 61 Prozent vun de Befroten, bei vergläichbare Liewensmëttel, de Produit mam Nutri-Score-Label. "Et ass e positiivt Zeechen, dass den Nutri-Score, virun allem och bei Jonke bekannt ass", resuméiert d'Ministesch fir Verbraucherschutz Paulette Lenert d'Conclusioun vun der Etüd.

An dëser goufen awer och qualitativ Interviewë mat 3 Entreprise gemaach, déi den Nutri-Score notzen (Maxim Pasta, Moulins de Kleinbettingen, Delhaize Luxembourg), a véier, déi en net ugefrot hunn. Bis elo hunn hei am Land sechs Entreprisen den Nutri-Score fir hir Produiten ugefrot an hunn elo 2 Joer Zäit, dëst ëmzesetzen. Wann de Label awer bis ugefrot ass, muss en op all d'Produitë vun der Gamme vun der Mark ubruecht ginn.

D'Ufro fir de Label ass op fräiwëlleger Basis. Et wier natierlech fir d'Produzente méi einfach, sech fir den Nutri-Score ze entscheeden, wann e keng negativ Konsequenze géing mat sech bréngen, erkläert de Marc Fischer, Premier conseiller de gouvernement. Dëst wier zum Beispill de Fall, wann een haaptsächlech gesond Produiten an der Gamme géing féieren.

Bemängelt gouf vun den Hiersteller dann, dass de Label eesäiteg wier. E géing zwar d'Närstoffkompositioun beuechten, mee aner gesondheetlech Aspekter géinge verdrängt ginn. Och lokal a saisonal géing keng Roll spillen oder den CO2-Ofdrock. Doriwwer eraus, wier d'Berechnung vum Nutri-Score fir kleng Betriber net ëmmer einfach. An da wier dann och nach eng gewëssen Angscht do dass, wann den Algorithmus fir d'Bestëmmung vun der Nutri-Score-Kategorie géing änneren, d'Verpackung misst geännert ginn.

Fir d'Zukunft wëllt een dru schaffen, dass d'Prozedure fir d'Produzente méi einfach gemaach ginn. Den Algorithmus fir d'Liewensmëttel ze kategoriséieren, soll och weiderhin ugepasst ginn. Bis elo ginn et dräi verschidden Algorithme fir d'Berechnung vun der Kategorie. Jeeweils fir Fetter an Ueleg, allgemenge Liewensmëttel a fir Gedrénks.

Den Nutri-Score géing sech awer doriwwer eraus net eegenen, fir Äppel mat Bieren ze vergläichen, betount de Marc Fischer. Mee an Zukunft wëllt een och dru schaffen, dass e bessere Verglach vu Liewensmëttel aus verschiddene Klasse vu Produite besser méiglech ass. Et läit zum Beispill an der Natur vum Produit, dass Botter ëmmer e méi schlechten Nutri-Score huet.

Et misst ee sech bewosst sinn, dass een de Label net als Ersatz vun der Narungspyramid kéint benotzen, huet d'Paulette Lenert betount. Wann ee just Produitë keeft, déi dem Nutri-Score no als gesond klassifizéiert sinn, wëll nämlech net heeschen, dass ee sech equilibréiert genuch ernäert.

Schreiwes

Paulette Lenert a présenté l'étude de monitoring sur l'utilisation du Nutri-Score au Luxembourg (31.07.2023)
Communiqué par : ministère de la Protection des consommateurs

Le 31 juillet 2023, Paulette Lenert, Vice-Premier ministre et ministre de la Protection des consommateurs, a invité à une conférence de presse pour présenter les résultats d'une étude de monitoring sur l'utilisation du Nutri-Score au Luxembourg.
Le Dr. Torsten Bohn, nutritionniste et membre du «Scientific Committee of the Nutri-Score», a commencé par expliquer le fonctionnement du Nutri-Score et les critères utilisés pour calculer le score nutritionnel des produits. Il a souligné l'importance de ce système d'étiquetage pour aider les consommateurs à prendre des décisions plus éclairées concernant leur alimentation.

Par la suite, les points saillants du monitoring du Nutri-Score au Luxembourg ont été présentés. À cet égard, une enquête approfondie a été menée auprès des consommateurs résidents, tandis que des interviews qualitatifs ont été réalisés auprès d'entreprises luxembourgeoises, tant auprès des entreprises qui utilisent le Nutri-Score qu'auprès de celles qui ne l'ont pas encore adopté.

Les résultats de l'enquête auprès des consommateurs ont été très encourageants, montrant que le Nutri-Score jouit d'une grande notoriété et d'une forte acceptation au sein de la population luxembourgeoise. Les consommateurs se montrent bien informés sur le Nutri-Score, et son utilisation semble influer sur leurs habitudes de consommation et d'achat à long terme. Le Nutri-Score étant un outil essentiel pour aider les consommateurs à faire des choix plus sains et à améliorer la qualité globale de leur alimentation, la ministre a fait état de sa grande satisfaction quant au succès du Nutri-Score auprès des consommateurs.
Le monitoring a également révélé une certaine réticence quant à l'adoption du Nutri-Score par les entreprises luxembourgeoises. En effet, certains producteurs ont affirmé redouter que l'affichage d'un mauvais score nutritionnel ait des répercussions néfastes sur leurs ventes ou encore que des modifications de l'algorithme puissent entraîner des surcoûts. La ministre a affirmé que le choix du Luxembourg à participer au Nutri-Score était avant tout motivé par le fait de ne pas exposer les entreprises luxembourgeoises à un désavantage concurrentiel et qu'il était important de leur offrir la possibilité de se battre à armes égales avec la concurrence de l'étranger.

Paulette Lenert a conclu en affirmant: «Avec le Nutri-Score, les consommateurs disposent d'un guide clair pour faire des choix éclairés, leur permettant ainsi de prendre leur bien-être en main. Je suis donc particulièrement heureuse de constater que les consommateurs accueillent bien le Nutri-Score. Ceci témoigne de notre engagement collectif à promouvoir la transparence et la santé dans le secteur de l'alimentation.»