
Kuerz drop huet och d’Police de Virfall an hirem Bulletin confirméiert.
Géint 21.15 Auer en Dënschdeg den Owend gouf am Escher Breedewee beim Lavalspark e Mann mat enger Schosswaff gemellt. Op der Plaz konnt d’Police effektiv dës Persoun untreffen an immobiliséieren. Wéi et weider heescht, gouf am Auto vum Mann eng geluede Waff fonnt.
Éischten Informatiounen no soll de Mann do virdrun zwee Schëss ofginn hunn, déi e jonke Foussgänger nëmme knapp solle verfeelt hunn. De Foussgänger wier geflücht. Wéi Zeien nach ausgesot hunn, soll de Mann aner Leit uviséiert hunn, dorënner eng Fra mat enger Kannerkutsch. Blesséiert gouf keen.
De presuméierten Täter kënnt e Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter. Hie wier och alkoholiséiert gefuer a krut dowéinst de Fürerschäin ewechgeholl.
Fir de Virfall kënnen opzeklären, freet d’Police ëm Hëllef aus der Ëffentlechkeet. Eventuell Zeien, besonnesch de jonke Foussgänger - op 16 Joer geschat, rout ugedoen - dee geflücht war an d’Fra mat der Kannerkutsch, solle sech bei der Escher Police um (+352) 244 50 1000 oder per E-Mail: Police.ESCH@police.etat.lu mellen.
RTL-Reporter kruten op der Plaz confirméiert, dass et sech beim presuméierten Täter ëm den Associé vun engem Etablissement an der Escher Schwämm handelt. De Mann wier en Dënschdeg den Owend selwer am Etablissement gewiescht, ier hien dat a Richtung vum Park Laval verlooss hätt, sou de Patron vum Lokal. Vun de Schëss selwer hätt ee bannen am Restaurant näischt matkritt. De presuméierten Täter wär effektiv alkoholiséiert gewiescht, och dat krut RTL op der Plaz confirméiert. D’presuméiert Dot vum Associé stéing dem Patron senges Wëssens no net a Relatioun mat de Geschäfter vum Betrib.