Am Dezember 2023 soll deen éischte Co-Working Space fir Staatsbeamten seng Dieren zu Schieren opmaachen. Staatsbeamte sollen an Zukunft hir Aarbechtsplaz méi flexibel wiele kënnen. Eng Initiativ déi zanter Joren diskutéiert gëtt an elo zu Schieren soll getest ginn. An enger éischter Phas kënnen déi 850 Beamten aus dem Ministère vun der Digitalisatioun an dem Ministère de la Fonction publique vum neien “Space” profitéieren.
Am Hierscht d’lescht Joer gouf a béide Ministèren en interne Sondage gemaach. Mam Resultat, datt 76% vun de Leit déi d’Gestioun maachen, d’Optioun “Co-Working-Space” eng gutt Optioun fir tëschenduerch fannen. 70% vum Personal wier intresséiert op d’Optioun zeréckzegräifen, heescht et vum zoustännege Minister Marc Hansen. D’Aarbechtsqualitéit kéint verbessert ginn, esou de Constat.
Schiere gëllt als Pilotprojet fir weider “Spaces” déi iwwert déi nächst Jore fir aner Ministèren optauche kéinten. D’Demande fir manner Zäit um Büro ze verbréngen, ass déi lescht Joren immens geklommen. 2017 gouf e Pilot-Projet an d’Liewe geruff, fir de Prinzip vum Teletravail ze testen. 170 Leit hate matgemaach. Aktuell profitéiere Ronn 17.000 Beamte vun der Optioun.
Dem Marc Hansen, Minister vun der Fonction publique no, sinn et déi grouss Avantagen déi de Schrëtt decidéiert hunn: „Net jidderee schafft gären am Teletravail. Eng Rei Beamten hunn d’Viraussetzungen dofir och guer net Doheem. Mir hunn awer och ëmmer méi nei Leit, déi bei eis wëlle schaffe kommen a genau no esou Espace froen, fir manner Zäit tëscht Doheem an der Aarbechtsplaz ze verléieren. De Staat muss probéiere seng Leit ze halen. Eis Beamte froen no deenen Alternativen. Fir datt de Staat kompetitiv fonctionéiert, musse verschidden Optioune gestallt ginn .”
Ronn 170 Mataarbechter kommen a Fro, fir gebrauch vum “Space” zu Schieren ze maachen. Dës wannen an der Moyenne 30 Minutten oder méi um Trajet fir op d’Aarbecht an Heem. De Co-Working ass fräiwëlleg. Dobäi gouf Schieren als Standuert zeréckbehalen, well den neie Büro 50 Meter vun der Gare an engem RGTR-Bus-Arrêt ewech ass. Den Echangeur Nordstrooss N7 ass just e puer honnert Meter weider. De Site ass och mat Vëlospistë connectéiert. Op knapp 200 Metercarré, op 3 Raim verdeelt, kënnen 22 Beamten hebergéiert ginn.
Fir de Schierener Buergermeeschter heescht dat virun allem och méi Liewen am Duerf: „Wann hei 20, 22 nei Leit all Dag heihinner schaffe kommen, huet dat fir en Duerf ewéi Schieren e positiven Impakt. Sief et fir d’Restauranten, d’Geschäfter an de Supermarché. Dat bréngt Liewen a kënnt der Gemeng ze gutt.”
Et géif een hoffen, heescht et vu Schieren, datt ee weider Gemenge géif motivéieren, fir esou Partenariater mat Ministèren oder aneren Institutiounen anzegoen, fir d’Dezentraliséierung aus der Stad a Richtung ländleche Raum weider ze fërderen. Am Dezember sollen d’Büroen offiziell fäerdeg ginn. De Pilotprojet leeft an enger éischter Phas iwwer 2 Joer. 12.500 Euro de Mount bezilt de Staat vun d’Gemeng de Mount u Locatioun. D’Gemeng stëllt d’Gebai zur Verfügung a këmmert sech ëm den Entretien.