Sharing EconomyEen zweet Liewe fir Buermaschinn a Co

Marc Hoscheid
D'Sharing Economy ass e wichtegen Deel vun der Kreeslafwirtschaft. Hei geet et drëms, dass sech méi Persounen ee Géigestand deelen.
© pexxels.com

Enn Abrëll hat de Wirtschaftsministère een Appell à projet lancéiert, wou elo dräi Gewënner zeréckbehale goufen. Bei engem Projet geet et drëms, datt Baumaschinnen een zweet Liewe kréien.

Sharing Economy - Een zweet Liewe fir Buermaschinn & Co

Dat huet huet sech op alle Fall d’Firma General Technic vu Mënsbech, déi an der Baubranche aktiv ass, virgeholl. Et géing een eng Rëtsch Baumaschinnen u Firmen aus dem Secteur an eng Zort “Leasing opérationnel” ginn. No duerchschnëttlech dräi Joer kéimen d’Maschinnen da rëm gebraucht zeréck. Duerch de Projet “good tools for all” sollen dës Maschinnen, déi deels rëm nei hiergeriicht ginn, de Leit zur Verfügung gestallt ginn, wéi den Associé gérant Tom Kieffer erkläert:

“Mir kucken, datt mer dat dëst Joer nach hikréien, datt och eenzel Clientë bei eis kënne kommen. Een Endclient, dee beispillsweis eng Terrass frësch mécht an dee Plättercher schneide muss. Dat geet och an de Beräicher Gaardemaschinnen, Heckeschéieren, Méimaschinnen etc. Deen dann d’Méiglechkeet hätt, fir bei eis déi Maschinnen dann eenzel fir een Dag, eng Woch, ee gewëssen Zäitraum, dann auszeléinen.”

Ma net nëmme Privatleit respektiv Entreprisen, mee och Institutiounen, Gemengen oder Veräiner wiere potenziell Clienten. Clienten, well d’Ausléine vun de Maschinnen net gratis ass. Wéi vill ee bezuele muss, hänkt vun der Valeur vun der Maschinn of. De Montant wier mat 1 bis 15 Euro pro Dag iwwerschaubar. Theoretesch géif et keng zäitlech Begrenzung, mee:

“Ech mengen den Deckel ergëtt sech vum selwen. Wann een da pro Dag ee gewësse Montant fir eng Maschinn bezilt an et huet ee se sechs Méint oder ee Joer, dann ass et dann iergendwann fir dee Client vläicht awer méi rentabel, sech eng nei Maschinn ze kafen. Wat jo dann och net méi an deem Sënn ass. Hei ass et jo wierklech am Sënn, fir déi Maschinnen nach eng Kéier ze verwäerten a se Leit à court terme zur Verfügung ze stellen.”

Am Grousse Ganze wier een iwwerrascht, a wat fir engem gudden Zoustand d’Maschinnen nach sinn, wa se vun de professionelle Clienten zeréckkommen, dowéinst wier et ze schued, fir se einfach ewechzeschmäissen.

Back to Top
CIM LOGO