Miersch wëll wuessen, ma hänkt mat de Prozeduren
"Mir hunn alles schéin op de Pläng, ma waarden op d'Autorisatiounen", sou de Michel Malherbe.
Bis 2035 wäert eleng d'Gemeng tëscht 200 an 250 Milliounen Euro investéieren. Sou ass et op jidder Fall geplangt.
An de Buergermeeschter weider: ''Mir si momentan zu 10.500 Awunner. An ech géif soen 2030 bis 35, wäerten 2.500 Leit Minimum bäikommen. ''
Direkt nieft dem Schlass gëtt den Ament déi nei Grondschoul gebaut. 24 Klassesäll, Turnsall, Piscine. Käschtepunkt: 60 Milliounen. Fir eeben d'Zukunft fir ze bereeden.
Am Zentrum nieft der Villa Faber, wou emol den neie Kongress-Zenter stoe soll, ginn den Ament eng 110 Wunnunitéite gebaut. De Projet ''Rives de l'Alzette'' hannert der Gare, wou fréier den Agrozenter stoung, huet eng ganz aner Envergure. Hei sollen 1.100 Wunnengen entstoen. Deels zesumme mat der SNHBM. Ma hei ass vill Gedold gefrot.
"Do si mer schonn vun 2008 - 2009 amgaang. D'Gemeng huet do missen en anere PAP maachen. E puer PAPe maachen. Bis déi 4 Proprietären zesummekommen. An da muss een natierlech d'Autorisatiounen ufroen. An dat brauch eng ganz ganz laang Zäit. ''




























Uewenaus um Mierscherbierg bäisse sech déi Gemengeresponsabel d'Zänn un engem anere Projet aus. D'Zone Artisanale Mierscherdall zesumme mat de Gemenge Lëntgen a Luerenzweiler. Eng 35 Betriber stinn op enger Lëscht fir sech op 26 Hektar z'installéieren. 1.200 Aarbechtsplaze sinn geplangt. Zwee Parkingen a souguer Crèche sinn virgesinn.
''Am PAG war dat esou decidéiert, datt dat eng Industriezon kéint ginn. Da rappt een direkt un, fir dat fäerdeg ze bréngen. A vun do u muss ech soen, hu mer Etude op Etude an op Etude. An et dauert vill ze vill laang. Ech sinn elo Buergermeeschter vun 2017 un. Den Henkels Abbes, deen hat dat schonn e bësschen ugefaangen. A mir sinn elo 2023. A mir sinn nach ëmmer net fäerdeg. D'Strooss ass nach ëmmer net gebaut. ''
Eng nei Strooss tëscht dem Rond-point bei der Autobunn an der Streck tëscht Méischdref a Biereng, déi den A an den O ass, iert d'Aktivitéits-Zon gebaut ka ginn. Sou ze soen en Nord-Contournement vu Miersch. Deen och eng Roll en vue vun de Rives de l'Alzette spille soll. Eleng de Projet um Mierscherbierg huet bis elo 1,8 Milliounen un Etude kascht. Ouni dat e Meter/Cube Buedem beweegt gouf. An op der anerer Säit plangt d'Gemeng hiren neie Sport-Komplex. Deen och am Etuden-Dschungel stécht.