Zwou Wochen virun der Rentrée um Bau, klëmmt d'Nervositéit. No de fette Joren, geet et lo méi lues.

"An den nächste Méint wäerten all Secteure mat engem drastesche Réckgang vun hiren Aktivitéite konfrontéiert ginn," sou de Gruppement an d'Federatioun vun de Bau-Entrepreneuren an engem Communiqué dës Woch. Et ass den Appell un d'Gewerkschaften e Sozialplang auszeschaffen. D'Luuchten hunn vun haut op muer op rout geschalt. An dat huet méi wéi een äiskal erwëscht, no fette Joren.

Zanter dem leschten Hierscht mécht sech d'Polykris bemierkbar: Inflatioun, Zënsen, Bürokratie, dem Secteur ass d'Loft ausgaangen. Nach wëll d'Patronat no baussen diskreet bleiwen, hannert de Coulisen rabbelt et.

De Generalsekretär vum Gruppement, Pol Faber, verweist op Zuele vum Statec. Am éischten Trimester vum Joer wier d'Vente vun neien Appartementer ëm 72% agebrach. Bannent dem selwechten Zäitraum hätt et 33% manner Baugeneemegunge ginn. En Déifpunkt zanter 1987. Op de Bauschutt-Deponië gouf d'Hallschent u Volume getippt. D'Banken hätten 44% manner Kreditter accordéiert.

D'Faillite vun der Entreprise Cardoso ass just d'Spëtzt vum Äisbierg. Bannent de 6 éischte Méint vum Joer hätt et 102 Faillitten an der Branche ginn. Duebel sou vill, wéi d'Joer virdrun.

En traurege Rekord. An engem Secteur, deen eng 12.000 Leit beschäftegt.

D'Patronat begréisst den 150-Milliounen-Euro-Hëllefspak, deen Enn Juni vun der Regierung accordéiert gouf. Ass awer och entsat, wat d'Aussoe vum Franz Fayot am Kontext vun der Enquête vun der Konkurrenzautoritéit ubelaangt, wou de Wirtschaftsminister de Verdacht vun Ofsproochen am Secteur opgegraff huet.

De Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun Romain Schmit hat d'Fro opgeworf: Ob um Ament wou de Secteur virun enger handfester Kris steet, de Minister näischt Besseres ze dinn hätt, wéi eng Hetzjuegd op d’Bau-Entreprisen ze maachen?

Ugespaant ass d'Situatioun och mat de Gewerkschaften. Déi an den Ae vum Patronat ze passiv reagéieren. De Patronen no muss d'Urgence iwwer e Plan de Maintien dans l'emploi geschwat ginn. Wann net souguer e Sozialplang fir de ganze Secteur. Op engem Ament wou och nach, en neie Kollektivvertrag ausgehandelt muss ginn.

An da sinn do nach d'Prozeduren. Vum Patronat ass et den Appell, um Ament wou d'Commande-Bicher eidel ginn, ugekënnegt Projeten an Ausschreiwungen esou séier wéi méiglech ëmzesetzen. Ma do blockéiert vill ze dacks den Etüden-Jungel. Wéi de Mierscher Buergermeeschter Michel Malherbe et dës Woch nach bedauert huet. Fréier hätt de Ministère de Gemenge gehollef, wéi een dat kéint virundreiwen. Haut géif een emol einfach Nee gesot kréien. Maacht eng Etüd, wat Zäit a Geld kaschte géif. Sou de Buergermeeschter, deen elo 30 Joer an der Politik aktiv ass.