Enn 2024 lafen d’Konventiounen tëschent der Stad Lëtzebuerg an de Kierchefabricken aus. Et gëtt iwwer eng Rei Desakraliséierunge spekuléiert.

De Bistum confirméiert bis elo eng: mam Auslafe vun der Konventioun, den 1. Januar 2025, steet d’Entweiung vun der Kierch am Rollengergronn um Programm.

D’Kierch vum Hellegen Antonius vu Padua am Rollengergronn: Desakraliséierung!

D’Kierchefabrick, déi fir de Rollengergronn zoustänneg ass, huet proposéiert, dës Kierch net méi mat an d’Verhandlungen iwwer eng nei Konventioun eran ze huelen. D’Kierch ass eng vu 6 aus dem Portefeuille vun der Nord-Sektioun vun der Por Notre-Dame Lëtzebuerg a se géif vun de Katholicke guer net méi gebraucht oder genotzt. Haut an elo schonn zënter bal 7 Joer ass d’Communautéit vun de Kopten aus Eritrea an der Kierch am Rollengergronn doheem an zelebréiert hei 2 Mol an der Woch hir Gottesdéngschter.

Kopten aus Eritrea: eng orthodox Glawensgemeinschaft zu Lëtzebuerg

Wann hir Celebratiounen op den optesch zimmlech exotesch kënne wierken, ginn et awer Parallellen zu de kathoulesche Massen. Och d’Kopte si Chrëschten. Si brauchen eng Plaz ewéi déi hei, seet de Jemp Warisse, President vun der Kierchefabrick "Por Notre-Dame Lëtzebuerg Nord".

Si kéimen zu engen 1.500 an de Rollengergronn aus Leit aus dem Ausland a feieren hei hir Hochzäiten an d’Daf vun hire Kanner, erklären de Paschtouer Bereket Yemane an den Diakon Anday Tesfamichael. Si wéilten op alle Fall an dëser Kierch bleiwen!

Eng Propos vum deemolegen Äerzbëschof Hollerich

Den Äerzbëschof hätt der Koptescher Communautéit d’Kierch am Rollengergronn 2016 ugebueden. Zënterhir deele si sech d’Ennerhaltskäschte mat der Kierchefabrick. Eleng d’Heizkäschte léiche bei ronn 25.000 Euro am Joer.

Si géife sech op alle Fall dofir asetzen, dass dës Glawensgemeinschaft, mat där si ganz gutt wieren, och weiderhin an dëser Kierch ka bleiwen, seet de President Warisse, deen d’Thema d’nächst Joer an de Gespréicher mat der Stad wëllt ugesprach hunn.

Jiddweree wier Wëllkomm

Et sollt een eventuell Beréierungsängschten ewech loossen a Samschdes oder Sonndes moies eng Celebratioun ukucke kommen. Lass geet et um 5.30 Auer – an dann dauere se 4 Stonne laang.

Iwwregens: well d’Rollengergrënnesch Kierch, déi uganks zur Por Siewebueren gehéiert huet, iwwer Joerhonnerten enk Liene mat der Famill Boch hat, ass si dem Hellegen Antonius vu Padua geweit – deen ass nämlech de Schutzpatroun vun de Fäiencerie-Aarbechter.