Enn 2024 lafen d’Konventiounen tëschent der Stad Lëtzebuerg an de Kierchefabricken aus. Et gëtt iwwer eng Rei Desakraliséierunge spekuléiert.

D’Clausener Kierch steet an den nächste Konventiounsverhandlungen net op der Desakraliséierungslëscht.

Den 1. Januar 25 trëtt dat neit Ofkommes a Kraaft, an et ass awer elo schonn decidéiert, dass de Kierchefong de Kontrakt mat der Stad, fir d’Kierch am Rollengergronn ze lounen, net méi wäert verlängeren. Dat heescht also Desakraliséierung – an deen Akt kéint och dem Pafendall bléien. 

De gebiertege Clausener, Robert Schuman, gouf an der Kierch, déi der Hellegen Kunigunde geweit ass, gedeeft an huet och hei d’Kommioun gemaach. Zënterhier huet sech och hei esou munches geännert: D’Clausener brauche kee Paschtouer méi…ausser emol fir e Begriefnes oder eng Hochzäit.

A Clausen gëtt Sonndes eng Mass op Latäin gehalen

An awer ass hei quasi all Sonndeg eng Mass - eng op Latäin, nom sougenannte rite romain extraordinaire, dem Massbuch vum Poopst Pius V, gehale vum Père Adolphus vun Hamm, deen dann och mam Réck zu de Leit steet. Et sinn also kathoulesch Gottesdéngschter, anescht wéi an de Kierche vu Pafendall a Rollengergronn, wou mat de Kopten aus Eritrea an de Rumänen, orthodox Communautéiten d’Kierche notzen.

D’Kierch am Rollengergronn gëtt net gehalen – d’Iwwerleeunge fir déi vum Pafendall ginn an déi selwecht Richtung.

Den Tom Kerger ass Paschtouer vun der Kathedral an an der Por Notre-Dame huet hien d’Funktioun vum Curé Modérateur, deen d’Wierke vun de Kierchen a senger Por organiséiert a koordinéiert. An der Stad gëtt et iwwregens zënter der Trennung vu Kierch a Staat, nëmme méi eng eenzeg Porkierch an dat ass d’Kathedral – déi aner ginn ewell Filial-Kierche genannt.

RTL

Wat geschitt mat den orthodoxe Communautéiten vu Kopten a Rumänen? De Ball läit bei der Stad.

Ee Critère fir eng Kierch net ze entweie wier, dass se nach eng lieweg Communautéit hätt, sou den Tom Kerger. Bei de Kopten aus Eritrea an den orthodoxe Rumänen ass dat de Fall. Ob si no enger Desakraliséierung duerch de Kardinol nach am Rollengergronn respektiv am Pafendall kënne bleiwen, decidéieren deen Ament déi Responsabel vun der Stad Lëtzebuerg. Méiglech wieren z.B. onofhängeg Kontrakter.

E Faubourg a seng Helleg

D’Kunigunde an hir Fillial-Kierch hate bis elo Chance. D’Madamm ass iwwregens ëm 980 gebuer, huet den Heinrich II bestuet a gouf Kinnigin a Keeserin, goung dono awer an d’Klouschter. A well si aus dem Haus Lëtzebuerg staamt, hunn d’Clausener esouguer hir eegen Helleg.