Déi nei Partei ronderëm de Frank Engel wëllt an d'Chamber
Am Abrëll 2021 ass de fréiere Parteipresident Frank Engel als Suite vun der sougenannter Frëndeskreesaffär aus der CSV ausgetrueden.
Net grad ee Joer méi spéit, am Februar 2022 gouf annoncéiert, datt hien zesumme mat aneren, dorënner zum Beispill de fréieren DP-Generalsekretär Marc Ruppert, eng nei Partei mam Numm Fokus grënne géing. Den 8. Oktober trëtt déi jonk Partei fir d'éischt bei de Chamberwalen un an d'Zil ass kloer.
De Fokus vu Fokus läit dorop, op mannst ee Sëtz ze kréien. Iwwert all weider Mandat géing ee sech awer natierlech freeën, wéi de Spëtzekandidat Frank Engel betount. Den Numm Fokus géing verdäitlechen, datt ee mat Konzentratioun op eenzelen Dossiere schaffe géing. Am politesche Spektrum gesäit ee sech bei Fokus am breeden Zentrum. Dat géing bedeiten, datt ee selwer keng extremistesch Positiounen anhuelen an och keng Extremisme bedénge géing. Am Géigesaz zu anere Parteien, och aus der politescher Mëtt, géing een am Walkampf vu Fokus kee Populismus héieren. No dräi politesche Prioritéite gefrot, nennt de Frank Engel op der éischter Plaz de Logement. Sou vill wéi méiglech Leit sollten zu Lëtzebuerg zu engem verstännege Präis kënne wunnen. Dat allerdéngs ouni, datt den Immobiliëmarché virdru futti geet, wéi et aktuell riskéiere géing ze geschéien. Dobäi géing een ënnert anerem dorop setzen, duerch Emphyteose gréisser Flächen ze erschléissen, et misst zudeem méi séier gebaut ginn. Eng weider Prioritéit wier:
"De Wuesstem, dee mer jo brauchen an dee mer net negéieren an net refuséieren, am Géigendeel, op eng intelligent Manéier och an der Groussregioun ze deklinéieren, deen ze exportéieren an engem gewësse Mooss, fir datt mer net an de Mobilitéitsprobleemer vun der Zukunft ënnerginn."
Drëttens ass et dann nach d'Fuerderung, d'Demokratie an d'Institutiounen ze moderniséieren. Dozou géing och eng Diskussioun iwwert déi politesch Participatioun vun den Auslänner gehéieren.
"Mir verdeelen all Joer 10.000 Päss, y comris u Leit, deenen hir Integratioun mam Pass dono net méi grouss ass wéi déi vun Uniounsbierger, déi een aktiivt Walrecht kéinten einfach sou wouerhuelen, wa se interesséiert sinn."
Hei géing et ëm Leit goen, déi duerch hir Aarbecht an hir Steieren all Dag zum Wuelstand vum Land bäidroen. De Referendum vun 2015 als Argument géint esou eng Diskussioun léisst de Frank Engel iwwerdeems net gëllen, d'Gesellschaft géing eben evaluéieren.
Wann een dem Frank Engel gleewen dierf, spigelen déi 60 Kandidate sou zimmlech déi ganz Bandbreet vun der Gesellschaft erëm. Vun Éischtwieler bis zu méi erfuerene Semester wier all Alterskategorie vertrueden. Mat Bléck op d'Beruffer vun de Kandidate léisst de Frank Engel iwwerdeems duerchblécken, datt e sech vläicht nach bëssi méi Vilfalt gewënscht hätt. Et wier awer eng frësch Ekipp.
"Ech hunn d'Impressioun, datt d'Majoritéit vun de Mënschen, déi mat eis an déi Walen hei ginn, nach ni virdru fir eng Partei oder ausserhalb vun enger Partei, op kommunalem Niveau beispillsweis a klenge Gemengen, kandidéiert hunn. Et ass also eigentlech ee ganz frëschen Tableau. Datt do och Leit derbäi sinn, déi ee politescht Virliewen hunn, dat muss grad ech Iech jo net soen."
De Frank Engel gëtt zou, datt et net evident war, fir 60 Kandidaten zesummenzekréien, mee dat hätten och aner Parteien erlieft.