Lëtzebuerg bräicht ee Vollzäit-Policeminister fir, datt déi Chantieren, un deenen zanter Joerzéngte gebastelt gëtt, endlech kënnen opgeschafft ginn.

Esou elo d‘Fuerderung vun der Partei Fokus. Kuerz virum Startschoss vun der Walcampagne mellt sech d‘Partei ronderëm de Frank Engel aus dem Garer Quartier a fuerdert konkret Mesuren. Et dierft een d‘Situatioun am Garer Quartier net ze vill opbauschen, esou Fokus op enger Pressekonferenz am Quartier. Et misst een awer d'Awunner eescht huelen a verhënneren, datt bemol zur Vigilance opgeruff gëtt. E Politiker, egal vu wat fir enger Faarf, de Minister-Poste vu Bannenzegt Sécherheet a Logement kombinéieren ze loossen, wier irresponsabel, esou Fokus. Wärend am Ausland d‘Police generell fix vum Inneministere gehandhaabt gëtt – gëtt d‘Amt zu Lëtzebuerg vu Legislatur-Period zur Legislatur-Period weidergereecht.

De Frank Engel, Porte Parole vun der Partei, weist sech skeptesch: „Wéi wëll ech mech ëm d‘Police këmmeren, wat eigentlech e Vollzäitjob mat der territorialer Asetzbarkeet zesumme sollt sinn, wann ech zäitgläich Logementsminister sinn. Dee virdru war Wirtschaftsminister. Zu fréieren Zäite ware se nach ganz aner Saachen, déi am Fong net an de Rechtsstaat gepasst hunn.“

D‘Police ass eng Tâche fir sech. Et géing un Disponibilitéit feelen, fir sech ëm de Corps ze këmmeren, esou de Constat. Konkret fuerdert d‘Partei, datt déi lokal Kommissariater an der Stad zum Deel nees opgemaach ginn, fir eng kontinuéierlech Presence ze garantéieren. D‘Ausbildung an d‘Ausrüstung vun der Police misst verbessert ginn. An och de psychologesche Suivi vun de Beamte misst weider an de Fokus rutschen.

„En bref muss alles verbessert ginn, wat dozou féiert, datt esou Saache ewéi elo op der Gare, a mir hunn anerer, dat beweist den Aktivitéitsrapport vun der Police-Inspektioun, geschéien,“ esou de Frank Engel. Aktuell sti 4 Polizisten ënner Verdacht e Mann an enger Zell am Garer Quartier mësshandelt ze hunn.

Punkto Transparenz an intern Organisatioun misst bei der Police nogebessert ginn, fir d‘Bild vum Beamten no baussen ze verbesseren. Gläichzäiteg awer misst dem Polizist seng Aarbecht um Terrain mat engem Justizsystem valoriséiert ginn, deen d‘Leit och effektiv viru Gericht bréngt. Déi laang Prozedure frustréieren, esou de Luc Majerus vu Fokus: „Mir brauchen eng acceleréiert Prozedur am Strofrecht. Fir eng Affär, déi net all ze komplex ass, misst gesot ginn, innerhalb vun 10 Deeg soll déi Persoun viru Gericht kommen an och innerhalb vun 10 Deeg hiert Urteel kennen.“

Et hätt kee Sënn, datt d‘Parteie am Walkampf probéieren, een deen aneren ze iwwerbidden, wie méi Polizisten op den Terrain bréngt. De strukturelle Problem misst Prioritéit hunn, esou Fokus.