Lëtzebuerg huet keng Capacitéite méi fir ze wuessen

© RTL Archiv
"Déi Konservativ - d'Fräiheetspartei" ass eng weider méi rezent politesch Beweegung, déi bei de Chamberwalen den 8. Oktober untrëtt.
Mat der Lëscht 13. ass d'Partei am Süden an am Norden derbäi. Hire Grënner, de Joé Thein, kënnt aus der ADR. D'selwecht iwweregens wéi de Grënner vun där anerer Beweegung, déi sech d'Fräiheet op de Fändel schreift. Déi Konservativ triede fir d'zweete Kéier bei de Chamberwalen un. Déi leschte Kéier gouf et just eng Lëscht am Süden an deemools goufen et ënnert dem Stréch knapp 10.000 Stëmmen, dat waren 0,52 Prozent.
Wat ass d'Zil fir dës Kéier? Wat ass d'Grondiddi vun der Partei? A wat sinn hier Prioritéiten? D'Dany Rasqué huet nogefrot.
D'Zuel vun de Stëmme verbesseren! Dat ass dat grousst Zil, dat de Joé Thein nennt. Wéi vill Mandater um Krautmaart et solle ginn, dat wëll de Grënner vun deene Konservativen net soen. Dat wéilt een dem Bierger iwwerloossen. Op d'Demande no awer bësse méi enger konkreter Äntwert, seet de Joé Thein den absolutte Minimum, deen ee wéilt areechen, wieren 2 Prozent.
"Well mer dann eng staatlech Parteiefinanzéierung kréien. Fir eng kleng Partei ass dat dacks ganz vill vun Nodeel, wa se hir Walcampagne net d'selwecht ka sponseren. Mir sinn ugewisen op Recettë vun de Memberen, op Donen, op Aktivitéiten, wou mer alt Recette generéieren an deen Nodeel hu mer, dass mer d'Suen net hunn."
Seng Partei - fënnt de Joé Thein - hätt an deene leschte Jore gewisen, datt se e politescht Fundament hätt, politescht Personal. Si hätt sech positiv entwéckelt, et hätt ee wäit iwwer 150 Memberen an et géifen der nach all Dag méi ginn. Punkte géif ee virun allem bei Leit, déi soss d'ADR gewielt hunn oder déi guer net gewielt hätten.
D'Iddie vun der Partei si mat "déi Konservativ - d'Fräiheetspartei" scho graff resuméiert.
"Dat ass engersäits alles, wat fräiheetlech Politik ass, well mer fir déi individuell Fräiheeten an och déi geschützte Bierger- a Verfassungsrechter vun de Leit stinn. Dann natierlech alles, wat heemechtsverbonne Politik ass, well mer eist Land och ausserhalb vun Europa an innerhalb vun Europa wëlle vertrieden an op Nummer 1 setzen an dann ass et ganz kloer jo och esou, datt mer eis konservativ nennen. Dat heescht mir sinn eng Partei, déi op Wäerter baséiert, déi och fir eis Wäerter als Bierger antrëtt."
D'Prioritéiten, déi ee bei deene Konservativen am Walprogramm fir den 8. Oktober fënnt, versprécht de Joé Thein, wiere ganz breet gefächert.
Eng dovu wier de Wuesstem. De Joé Thein ass iwwerzeegt, datt d'Land keng Capacitéite méi huet, fir weider ze wuessen.
"Mir wëllen de Populatiounswuesstem bremsen, respektiv maximal erofsetzen, fir ze sécheren, datt déi Infrastruktur, déi Ressourcen an all déi Capacitéiten an dat Potenzial, dat d'Land huet, och wierklech fir d'Land investéiert ka ginn an dass mer do net d'Schlappe verléieren, well vill Leit ënner d'Rieder kommen duerch Chômage, duerch sozial Problemer. D'Inflatioun ass immens héich, den Alldag ass einfach net méi ze finanzéieren an dat sinn déi konkret Punkten, déi d'Leit intresséieren an déi mir och konkret uschwätzen."
Et gëtt zwar nach kee Walprogramm vun deene Konservativen, mä et gëtt eng Rei Videoen, déi d'Partei publizéiert huet. Ee mam Titel "Klimaterror". Dofir d'Fro un de Joé Thein, wat seng Partei da proposéiert, fir eng vun de gréisste Suergen aus eiser Zäit an de Grëff ze kréien.
"Et ass einfach esou, datt een déi ganz Verhältnisméissegkeet vun där Politik muss a Fro stellen. Et ass net esou, dass mir géint alternativ Energieforme sinn, et ass net esou, dass mir nei Konzepter defavoriséieren, mä komm mir bleiwe bei der Realitéit, komm mir kucken, ob et eis eppes bréngt, well wann et nach ëmmer esou ass, dass China, Indien, Russland an aner grouss Länner esou vill CO2 produzéieren a mir mat eisen Null Komma iergendeppes do d'Welt retten, do gesinn ech einfach net d'Verhältnisméissegkeet."
Mam gudde Beispill virgoen, schéngt deemno net onbedéngt zu de Prioritéiten ze gehéieren.
Ma déi Konservativ si vun hirer Aarbecht iwwerzeegt. An engem vun hire Videoen ënnersträiche se souguer, datt si "déi Eenzeg sinn, déi d'Kompetenzen hätten, fir d'Finanzen ze reguléieren an d'Wirtschaft aus dem Kollisiounscours eraus ze bréngen".