"Ech hu mäi Choix, 1988 an d’Urgence schaffen ze goen, ni bereit"

35 Joer laang huet de Pol Wio an der Urgence geschafft. 27 Joer d'Ekippe vun de Soignante geleet an organiséiert.
De Freideg 28. Juli ass dem Pol Wio säi leschte Schaffdag. Duerno geet et an d'Vakanz an dann an d'Pensioun. Et ass een éischter rouege Moien an der Urgence um Kierchbierg. Samschdes a Méindes wier an der Reegel am meeschte lass, zielt de 57 Joer alen "nach" Responsabel vun der Urgence eis. An och ronderëm Vollmound. "Psychiater soen, et gëtt kee Beweis. Wann dann awer vill Patiente kommen, déi psychiatresch degradéiert sinn déi Zäit, da muss ech schmunzelen."
Wéi d'Kierchbierger Spidol am Joer 2003 opgaangen ass, krut de Pol Wio, virdru schonn zoustänneg vum Noutdéngscht vun der Clinique Sacré-Coeur, d'Responsabilitéit iwwer d'Urgence an der neier Klinik. Seng Aufgab: d'Schaffpläng, d'Congéen, d’Krankeschäiner an d’Formatioune vun de Soignante geréieren. Bis zum Schluss war de Pol och bei de Patienten implizéiert. A 35 Joer huet hie munches erlieft.
Do war d‘Fra, déi mat Bauchkrämp koum an onerwaart e Puppelchen op d‘Welt bruecht huet. Do war awer och de Papp, deen an en uergt Accident verwéckelt war. Säi Kand hat net iwwerlieft. Fir dem schwéier verletzte Mann d’Méiglechkeet ze ginn, säin Deuil ze maachen, hu se hie mam Kand zesummebruecht. "Dat beréiert mech haut nach", seet de Pol Wio, "ech kréien Tréinen an d'Aen, wann ech mech dorunner erënneren."
"The show must go on"
Freed a Leed leien an der Urgence heiansdo no beieneen. Domadder ëmgoen, ass net einfach. Ëmmer nees kënnt et vir, dass e Patient et net packt. Et wär wichteg, dat ze analyséieren an driwwer ze schwätzen. Als jonken Infirmier huet de Pol sech da gefrot: "Hunn ech alles gemaach wat ze maache war?" Wa jo, wier hien domadder eens ginn. Déi dramatesch Situatioune mat de Famillen duerno, déi wieren him ënner d‘Haut gaangen.
Hautzedaags huet d'Personal d'Méiglechkeet, e psychologesche Suivi ze kréien. "Quitt datt mir eis ni aus eiser Verantwortung kënnen a wëllen zéien. Et ass en Deel vun der Aarbecht. Just: The show must go on", resuméiert de Pol Wio d’Realitéit um Terrain.

© Didier Weber / RTL
Musek war iwwer all déi Jore säi Wee, fir ofzeschalten. Beim Trompett spillen an der Folschter Musek. Als Dirigent vun enger Chorale, an als Uergelspiller. Dat éiwegt Piipse vun den Apparater, déi uginn, ob de Patient stabil ass oder net, wäert den Infirmier an der Pensioun net vermëssen. "Dat huet mech ëmmer belaascht. Ech sinn erliichtert, dat net méi ze héieren."
Moies eng lescht Reunioun mat der Ekipp a senger Nofollgerin. Hie wier entspaant an am renge mat sech, verséchert de Pol Wio. "Ech hu mäi Choix, 1988 an d’Urgence schaffen ze goen, ni bereit."
Vum Operatiouns-Sall an d’Urgence
Ugefaangen hat d’Karriär am OP. Eng Schwëster aus der Clinique Sacré-Coeur hat de frëschgebakenen Infirmier 1987 dohinner orientéiert. Séier awer huett de Pol gemierkt, dass déi Routine op Dauer näischt fir hie wier. D’Urgence huet hie méi ofwiesslungsräich a méi spannend fonnt.
D’Klinik Sacré-Coeur hat deemools just een Dag an der Woch Garde, d’Ekipp war zu sechst. Zwou Schwësteren, dräi Infirmieren an eng Nuetswuecht. Et gouf Lëtzebuergesch geschwat. An der Urgence um Kierchbierg schaffen haut 50 Soignanten. Franséisch ass d’Ëmgangssprooch.
Wa keng Garde war, hätt hien an der Policlinique an an der Endoskopie geschafft, erënnert sech de Pol.
"1988, wéi ech an d’Urgence komm sinn, gouf et nach kee SAMU. Et ass awer mol virkomm, datt Dieren opgeflu sinn. Dann hunn d’Ambulanciere gejaut 'Mir sinn am gaangen ze reaniméieren.' Dann huet sech alles emol geschuddert an da si mer an de Schockraum gaangen an dann hu mer reaniméiert."
Et hätt een onwarscheinlech vill a kuerzer Zäit geléiert. De Kick vun der Aarbecht am Noutdéngscht: "Alles wat d’Bandbreet hir gëtt, gesi mir an den Urgencen. Et ass dat, wat d’Saach richteg interessant mécht an et ass och dat, wat haut nach d’Leit motivéiert, hei ze schaffen."

© Didier Weber / RTL
Iwwerfëllten Urgencen: "D'Offer kreéiert d'Demande"
Haut allerdéngs sti Gesondheetspersonal a Medezinner virun zousätzlechen Defien: iwwerfëllten Urgencen, dat obwuel déi zwee Stater Spideeler CHL an HRS allebéid zanter engem gudde Joer daagsiwwer parallel Gard hunn, amplaz just een Dag iwwer den aneren.
Nawell kéime grad esouvill Leit wéi virdrun, seet de Pol Wio. Eng 200 bannent 24 Stonnen. "C’est l’offre qui crée la demande, an ech héieren dat selwecht aus dem CHL. A wat d’Waardezäite manner grouss sinn, wat méi Leit kommen (…) dat schwätzt sech wuel ronderëm."
D’Duerchlafzäit vun engem Patient an der Urgence léich an der Moyenne bei 3,5 Stonnen. Lo kéint ee soen, dat wär Wansinn. "Mat der Penurie vu Better gëtt an der Urgence vill méi gemaach wéi fréier", erkläert den Infirmier. "Et gi komplett Bilane gemaach vun A-Z. An dat mécht natierlech, datt déi Duerchlafzäit méi laang ass, well ee muss op Analyse waarden."
Fréier wär de Patient op de Stack komm an den Dokter wier owes no der Garde mat de Resultater bei hie gaangen.
"Wann d'Leit hei sinn, dann ass et eng Urgence"
D’Bestriewe vun der Politik, fir d’Leit aus den Urgence méi op d’Maisons médicales ze verdeelen, kann de Pol Wio novollzéien. Gesäit et awer och kritesch. "Alleguer d’Patienten, déi an d’Urgence kommen, sinn eng richteg Urgence."
Den Triage vun der Urgence klasséiert d'Patienten a fënnef verschidde Kategorien, jee nodeem wéi schwéier an akut hiren Zoustand ass. U1 sinn déi urgentst Fäll, U5 déi mannst akut. Nawell wéisst een, datt 5 Prozent vun de Patienten an der Kategorie U5 sech awer als richteg seriö Urgencen erweise géifen, seet de fréiere Chef.
"Also ass et schwéier fir eis, déi Leit do eraus ze schécken. Well wa mer Pech hunn a soen 'Dir musst an eng Maison médicale goen, déi net no bäi ass' an déi maachen op der Rouder Bréck en Häerzinfarkt, dann hu mer e Problem."
Beispill Blosenentzündung: u sech näischt Uerges. Géif dee Patient awer elo eng Nierebeckenentzündung maachen a souguer vläicht eng Bluttvergëftung hannendrop, da kéint dat eng richteg schlëmm Urgence sinn, warnt de Pol Wio.
Dofir wär et schwéier fir d’Urgentisten, dës Patiente fortzeschécken. "D’Politik gesäit dat anescht. Da soen ech: d'Politik muss Courage hunn an dat am breede Public och esou vertrieden."
Fir mat sengen Aarbechtskolleegen den Ofschloss vu senger berufflecher Karriär ze feieren, gëtt et dëse Freideg um Enn vun der Fréischicht eng Coupe Schampes.
Den éischte Kontakt ass mam Soignant
Houfreg kuckt de Pol Wio zréck op d'Prozeduren an d'Filièren, déi hie mat den Doktere gehollef huet ze verbesseren. Esou geschitt, wéi bis kloer war, datt no der Fusioun mat der Zitha Klinik 2014, d'Urgencen um Kierchbierg zentraliséiert géifen.
Haut wär et esou, datt de Patient, deen op de Kierchbierg an d'Urgence kéim, säin éischte Kontakt mat engem Soignant hätt, amplaz mat enger Persoun aus der Administratioun. Et geet drëms, Zäit ze gewannen.
"Well wann dir e Patient an eng Receptioun schéckt, wou virun deem nach sechs anerer stinn, wou jiddereen 2-3 Minutte brauch, da waart dee vläicht 20-30 Minutten, bis dee mol ageschriwwen ass. Dat ass eng Zäit, déi leeft och fir de Patient. Wann deen en Infarkt huet wou säin Häerzmuskel ofstierft, kann dat ganz béis Folge fir dee Patient hunn", erkläert den Infirmier.

© Didier Weber / RTL
An de Prozedure wär festgeluecht, datt esou e Patient bannent 8 Minutten, wou en de Fouss an d'Urgence setzt, en Elektrokardiogramm misst gemaach kritt hunn. Bannent 10 Minutte misst den Dokter de Bilan gesinn hunn. Et géif een d’Delaien iwwerwaachen, fir déi Prozeduren, esou gutt et geet, anzehalen.
"Wäert den Drock net vermëssen"
35 Joer laang huet de Pol Wio an der Urgence geschafft. 27 Joer d'Ekippe vun de Soignante geleet an organiséiert. Zum Schluss waren dat 50 Persounen.
Symptomer séier erkennen a richteg aschätzen, näischt iwwersinn... Nieft deem Drock an der Urgence, wieren och déi permanent Schichtwiessel vun Dag op Nuecht an déi kuerz Erhuelungsphasen immens ustrengend, erkläert den Infirmier, dee seet, hien hätt sech selwer ëmmer als Affekot vum Patient gesinn. De Patient hätt ëmmer am Mëttelpunkt gestanen. Gefeelt hätt hien nëmmen, wann et guer net anescht gaange wier.
Elo awer ass de Pol Wio prett fir an d’Pensioun. "Ech hu bis elo verdammt wéineg Emotiounen", seet den Infirmier op sengem leschte Schaffdag. Zum Ofschloss gëtt et eng Dusch vun der Ekipp. An d’Detailer dierfe mer hei net goen...
De Kontakt mat den Aarbechtskolleege wär wuel dat, wat hie spéider warscheinlech am meeschte vermësse géif. Den Drock an der Urgence iwwerdeems sécher net, schmunzelt de Pol Wio. Däers hätt hien am Laf vu senger Karriär genuch gehat.
Langweileg dierft et dem pensionéierten Infirmier net ginn. Nieft der Musek, freet de Pol Wio sech drop, vill Zäit mat senger klenger Enkelin ze verbréngen.