Zil vun der Partei ëm de fréieren CSV-President Frank Engel ass kloer: mindestens ee Sëtz an der Chamber.

Eréischt viru 16 Méint gegrënnt, trëtt Fokus an alle 4 Bezierker, mat komplette Lëschten un. Et positionéiert ee sech kloer an d’Mëtt vum politesche Spektrum. An et ass och d’Mëtt vun der Gesellschaft, déi Fokus en Vue vum 8. Oktober uschwätze wëll. "Mir sinn net ideologesch ze placéieren. Ons Linn ass onse Walprogramm. E Programm deen progressiv ass, well e Progrèsen wëll erreechen an Dossieren, déi net virun ginn. Dat ass Fokus. Mir fokusséieren ons op Erausfuerderungen, vun deene mir iwwerzeegt sinn, dat se ze léise sinn, ze meeschtere sinn. Dobäi gesi mir weeder um lénksen A besser, nach um rietsen A besser. Wien de Fokus wëll hunn, brauch déi zwee Aen, fir ze kucken." Sou de Parteipresident Marc Ruppert.

RTL

© Jeannot Ries

"Wien den 8. Oktober Fokus wielt, kritt de Frank Engel, a wien de Frank Engel wielt, kritt Fokus."

Wärend net grad 40 Minutten ass de Frank Engel op de Walprogramm agaangen. 9 Punkten, fir d’Lëscht 9, déi hier Campagne den 9., um 9.09 Auer lancéiert huet. Mat de Schwéierpunkten Bildung, Logement, Elterenzäit, Wuesstem, Reforme vun den Institutiounen oder och Sécherheet. Themen, déi ee bei Fokus anescht ugoe wëll, wéi déi traditionell Parteien bis ewell.

D’Steierreforme eraus gepickt. Fokus plädéiert do och fir eng Reforme, awer eng mat Verstand, sou de Spëtzekandidat Frank Engel: "Vill manner Steieren fir all Mënsch, sou wéi e fréiere Finanzminister dat de Moment priedegt. Dat geet guer net. Dat ass guer net méiglech. An dat ass och net, sief niewe bäi gesot, duerch zousätzleche Wuesstem ze finanzéieren. Well souguer wann zousätzleche Wuesstem méiglech wier, oder sënnvoll, wat en net ass, a vue vun deem wat ech virdrun gesot hunn, vun der Iwwerlaaschtung vun de Stroossen, vun de Schinnen, vun de Spideeler, vun de Schoulen, vun de Kannerbetreiungs-Infrastrukturen... Mä da finanzéiert en nach beschtefalls seng eegen Nofolleg-Käschten."

Wéi och ëmmer eng Koalitioun zu Zwee, Dräi oder Féier, nom 8. Oktober, aus deenen 4 Parteien, déi schonn ëmmer regéieren, ausgesinn géif, géif sech dann näischt änneren. Näischt un deene weesentleche Saachen, sou d'Warnung vum Frank Engel. Et géif da kee Wunnengs-Problem geléist, deen zanter 30 Joer Chef-Saach wier. Et géif kéng Digitaliséierung vun der Verwaltung, déi zanter 30 Joer Chef-Saach wier. Och d'Verwaltung géif net vereinfacht ginn.

"Mir kënnen dat. Wann et eescht gëtt, besser wéi ganz vill anerer." Mat deene Wieder huet de Spëtzekandidat seng Trupp motivéiert, zouversiichtlech, datt Fokus et den 8. Oktober an d'Chamber packe wäert.