"Eng Rentrée vun der Kontinuitéit"4 nei Sektioune ginn dës Rentrée an de Lycéeën ugebueden

Diana Hoffmann
Den Educatiounsminister weist de Reproche vun der Enseignantsgewerkschaft SEW zréck, de Schoulsystem zerspléckt ze hunn.
"Eng Rentrée vun der Kontinuitéit"
4 nei Sektioune wäerten dës Rentrée an de Lycéeën ugebuede ginn.

13/09/2023 Schoulrentrée Claude Meisch 18h30 (Online)

“Mir sinn amgaangen, de Bildungssystem Schrëtt fir Schrëtt weiderentwéckelen”, sot den DP-Educatiounsminister Claude Meisch e Mëttwoch de Moien op der Pressekonferenz fir d’Schoulrentrée. Et wier eng Rentrée vun der Kontinuitéit, wou Offere weider ausgebaut goufen. Dofir géingen nei Sektiounen an Ausbildungen ugebuede ginn.

54 Schüler wäerte vun dëser Rentrée un am Lycée Classique zu Dikrech, dem Lycée de Garçons an der Stad an dem Lycée Belval déi nei Sektioun P beleeën. Am Fokus stinn hei d’Sciences cognitives an d’Sciences humaines. “A 5 Joer wäert dat eng vun de gréisste Sektioune sinn”, sou d’Erwaardung vum Minister. Dat well dës Themeberäicher elo scho vill op den Unien studéiert géinge ginn an esou Profiller och vill um Aarbechtsmarché géinge gesicht ginn.

© Sam Bouchon

Eng weider Sektioun (R) gëtt op Initiative vum Athénée an dësem Lycée fir d’éischt ugebueden. 20 Schüler wäerten hei besonnesch am Domaine vun der Politik an der nohalteger Entwécklung forméiert ginn. Och am Secondaire général ginn et 2 nei Sektiounen. Eemol am Beräich Technologie, Sport a Gesondheet am Nordstad Lycée an am Lycée privé Fieldgen an eemol an den Naturwëssenschaften, Informatik a Mathematik am Lycée Josy Barthel.

Net just international Schoule géingen ausgebaut ginn, mä och de klassesche Schoulsystem, huet de Claude Meisch betount. Hien ass domat indirekt op d’Kritik vum SEW agaangen, haaptsächlech den Ausbau vun den ëffentlechen Europaschoulen ze fërderen.

Iwwer Joren hätt ee festgestallt, dass d’Aschreiwungen a Privatschoule konstant an d’Luucht gaange wieren. Elo géing een awer mierken, dass et hei eng Stagnatioun géing ginn. Eng Explikatioun dofir wier d’Stäerkung vun den ëffentleche Schoulen. Virdrun hätt een d’Offer an deem Beräich de Privatschoule gelooss. Eng Offer, déi sech finanziell net jidderee kéint leeschten. “Ech bleiwen houfreg dorobber, dass all Kand, onofhängeg vum Revenu vun den Elteren, kann dovu profitéieren”, sou de Minister.

Weider nei Offere ginn da bei der Beruffsausbildung ugebueden. Dobäi handelt et sech ëm de CCP Assistant d’accompagnement au quotidien, den DAP Agent d’inclusion, den DAP Agent socio-pédagogique op Franséisch fir Erwuessener an den DT an der Elektromobilitéit.

LINK: Liest hei d’Schreiwes vum Educatiounsministère

Back to Top
CIM LOGO