De President vu Civitas, déi elo a Frankräich soll opgeléist ginn, Alain Escada war dëst Joer op enger Konferenz vun ADR International.

Nodeems dëse Summer bekannt gouf, datt eng rietsextrem franséisch Partei soll opgeléist ginn, si Froen opkomm iwwer Kontakter tëschent där Civitas an der Lëtzebuerger ADR.

De President vu Civitas Alain Escada war nämlech dëst Joer op enger Konferenz vun ADR International. De Chef vum parlamentaresche Grupp vun der ADR Fernand Kartheiser, deen deen Owend moderéiert huet, sot RTL géigeniwwer, hie wéist net, wat Civitas wier an et géif keng Zesummenaarbecht mat der Partei ginn.

"Et gëtt iwwerhaapt keng a wann Dir deen Interview elo net gemaach hätt, hätt ech emol net gewosst, datt et déi Partei gëtt, also gëtt et och keng Relatiounen tëschent eis a Civitas. Ech ka mech just eigentlech iwwer d'Fro wonneren, datt do iwwerhaapt hei probéiert gëtt, en Zesummenhang hierzestellen. Mir hu weder eng Relatioun mat der Partei, wéi gesot, ech selwer wosst emol net, datt et déi gëtt.”

Deem widdersprécht awer elo de Weibëschof a Generalvikar Léon Wagener. D’kathoulesch Kierch wier am Abrëll duerch eng Carte Blanche vum AHA-President Bob Reuter um Radio 100,7 drop opmierksam ginn, datt Civitas sech wéilt zu Lëtzebuerg néierloossen. Doropshin wier een op d'Konferenz vun ADR International gestouss. Hien hätt den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser den 10. Juli dorop ugeschwat.

"Den Här Kartheiser, dee war do ganz erstaunt, dass et sou eppes géif ginn. En huet gesot, hie wéisst dovun näischt an dat wier him onbekannt. Ech hu gesot, dass ënner anerem Civitas och duerch Antisemitismus opgefall wier an dunn huet e gesot, dass seng Partei sech ganz strikt géint all Forme vun Antisemitismus géing wieren, datt seng Partei näischt domadder ze dinn hätt. An an en huet an deem Gespréich och gesot, si hätten owes nach eng Versammlung, ech menge vun engem Nationalcomité, wou dann awer dee Sujet géif op d'Tapéit kommen."

De Léon Wagener war och eisen Invité vun der Redaktioun um Méinde Moien. Deen Interview fannt Dir hei.