Kathoulesch Kierch distanzéiert sech vun der Civitas
E Méindeg de Moie waren der kathoulescher Kierch hir Revendicatiounen un d'Politik Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg distanzéiert sech formell vum franséisch, rietsextrem-kathoulesche Mouvement Civitas, deen elo a Frankräich soll verbuede ginn. Dat sot de Léon Wagener e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. De Weibëschof a Generalvikar huet erkläert, dass op eemol am Summer Manifester a Kierchen an der Stad opgedaucht wieren, déi vun engem Studentegrupp redigéiert waren, ma ënner der Responsabilitéit vun enger Fondatioun stoungen, déi de Numm hat "Civitas Christiana". Doropshin hätt de Generalvikar Patrick Müller e Communiqué un all d'Mataarbechter a Mataarbechterinnen an de Poren geschéckt, fir sech formell vun allen Inhalter, an Aktioune vun der Civitas ze distanzéieren an och all Diffusioun vun esou Gedankegutt z'ënnerbannen. Zu enger Grënnung wier et awer bis ewell net komm, sou den Invité. Et géif een d'Saach awer weider ganz genee am A behalen.
D‘Recht op Ofdreiwung soll net an d‘Verfassung kommen
D'kathoulesch Kierch Lëtzebuerg huet och e Positiounspabeier, eng Zort Plädoyer fir d'Chamberwalen ausgeschafft. D‘Kierch ass nach ëmmer géint Ofdreiwung. D'Recht op Liewe misst priméieren iwwer een Recht op en Avortement a dofir fuerdert d'Kierch, dass ënner anerem d'Recht op Ofdreiwung net an d'Verfassung soll stoe kommen. D'Kierch war och mat hirem Plädoyer bei d'Parteien an do wier et kloer, dass d'ADR déi eenzeg Partei ass, déi ganz op hirer Linn wär, erkläert de Weibëschof. D'CSV hätt matgedeelt, dass dës Fro net géing an Erwägung gezunn ginn, wann et géing ëm Koalitioune goen. Déi Gréng wéilten d'Recht op Ofdreiwung an d'Verfassung verankeren. Si wéilten och e neien Delit "l‘entrave à l‘IVG" aféieren. Bei den anere Parteie war et méi nuancéiert. D'DP hätt zum Beispill gesot, dass si géingen den Avis vun de Gynekologe consideréieren, déi sech jo dogéint gestallt haten, fir den Delai vum Schwangerschaftsofbroch vu 12 op 14 Wochen ze hiewen, erkläert de Léon Wagener.
Gläichberechtegung vun Euthanasie a Palliativer Medezin
Beim Sujet vun der aktiver Stierfhëllef huet de Comité fir d'Kontroll an d'Evaluatioun vun der Euthanasie gefuerdert, dass d'Leit besser missten opgekläert ginn. D'Zuele vun der Euthanasie géinge weisen, dass do nach Nohuelbedarf wier. Do fuerdert d'Kierch awer, dass d'Leit gläichzäiteg och besser iwwer hir Optiounen an der Palliativ-Medezin informéiert ginn. Et dierft net just eng eesäiteg Campagne fir d'Stierfhëllef ginn.
Abordabele Logement schafen: „zerplatzt wéi eng Seefeblos“
Wei de Kierchefong gegrënnt ginn war, hätt ee vill Hoffnunge gehat, fir an d‘Konstruktioun vun abordabelem Wunnraum mat eranzeklammen. D'Finanzéierung duerch d'Subside vum Staat mat Konventiounen op 20 Joer ware gutt. Dat wier awer dunn "zerplatzt wéi eng Seefeblos", wéi de Staat d'Critèrë geännert huet, erkläert de Weibëschof. D'Konventioune géingen elo op 40 Joer lafen an de Rendement wier ze geréng. D'Kierch misst leider mëttlerweil Sue verdéngen, well de Legislateur jo decidéiert hat, dass ee misst op eegene Féiss stoen, bedauert den Invité. Et wier een frou, wann eng nächst Regierung nees Incitatioune géing schafen, fir et nees méi attraktiv ze maachen, fir privat Promoteuren oder Konstrukteure fir an de Marché eranzeklammen.
Asylpolitik muss human bleiwe
Zu Lëtzebuerg géing et eng schwiereg Situatioun gi mat de Flüchtlinge. Punkto Logement hätt déi kathoulesch Kierch bal all hir Capacitéiten ausgenotzt: 180 Refugiéen zu Gaasperech. De Bëschof hätt Flüchtlingen a sengem Haus an et hätt een Flüchtlinge a villen Paschtoueschhaiser. Och de Kardinol hätt zwou Famillje vu Lampedusa opgeholl. Et géingen och nach vill Ufroe ginn, mä wéi gesot hätt een keng Capacitéite méi. Punkto Asylpolitik ass et virop de Message, dass se muss human bleiwen. Besonnesch wann d'EU elo Opfanglageren op de Grenzen géing schafen, sou de Léon Wagener.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.