Dësen Donneschdeg dréint sech alles ëm déi Krankheet, déi vill Leit dobausse mat Vergiesslechkeet verbannen. Den Info-Zenter Demenz kläert op.

Schonn um Dënschdeg den Owend hat den Info Zenter Demenz am Kader vum internationalen Alzheimer Dag op eng Konferenz invitéiert. Natierlech war déi neurodegenerativer Beanträchtegung hei de Sujet vum Owend. Am Plaz sech op d'Nodeeler vun der Erkrankung ze fokusséieren, stoung deen Owend eng ganz aner Fro am Raum: Kostbare Augenblicke – Wie Glücksmomente in der Demenz gelingen. Mee fir d'éischt emol...

Wat ass Demenz?

Demenz ass e Sammelbegrëff fir verschidde Krankheeten, bei dem d'Gehier beanträchtegt ass. Alzheimer ass déi heefegst Ursaach fir Demenz. Heibäi handelt et sech ëm eng neurodegenerativ Erkrankung. Dat heescht, dass d'Funktioun vum Gehier ëmmer méi ofhëlt. Bei deenen enge fält dëst op duerch Vergiesslechkeet, Problemer bei der Orientéierung oder Schwieregkeete Wieder ze fannen. A ville Fäll ass et awer eng Mëschung aus ënnerschiddleche Symptomer. Dozou gehéiert och en ongewéinlech Verhalen, Problemer bei der Bewältegung vum Alldag, Mësstrauen a geréng Motivatioun.

D'Symptomer ginn am Verlaf vun Erkrankung méi schlëmm. Alzheimer ass net heelbar. Et ginn awer aner Demenz-Erkrankungen, déi zum Deel oder komplett heelbar sinn, wa se richteg behandelt ginn. Dozou gehéiert Demenz, déi zum Beispill duerch eng Stoffwiesselkrankheet optrëtt. Besonnesch Alzheimer trëtt éischter am méi héijen Alter op.

Bal 8.000 Leit mat Demenz zu Lëtzebuerg

D'Zuel vun den Demenzkranke geet an d'Luucht, well d'Populatioun méi al gëtt. Méi wéi 50 Millioune Leit weltwäit solle vun Demenz betraff sinn. Konkret Zuele ginn et awer net, well d'Krankheet net ëmmer entdeckt gëtt. Deemno kann d'Donkelziffer nach vill méi héich sinn. Zu Lëtzebuerg waren d'lescht Joer méi wéi 7.500 Leit vun Demenz betraff.

Bei dëser Krankheet huet besonnesch d'Ëmfeld vum Betraffene vill mat der Situatioun ze kämpfen. Dat läit drun, dass si mat der Verännerung vum Betraffene liewe mussen, dëse sech am spéidere Verlaf dacks net méi u säin Ëmfeld erënnere kann, respektiv d'Persounen net erkennt. Dëst ka fir Familljememberen a Frënn besonnesch schwiereg sinn.

Um Owend vum Infozenter "Demenz" waren och eng Partie Leit, déi an hirem noen Ëmfeld eng Persoun hunn, déi dement ass. Hei konnte si dës Kéier Tipps kréien, wéi een demenzkranke Leit eng Freed maache kann an hinnen trotz neurologeschen Aschränkunge Glécksmomenter verschafe kann. Et misst een hinne just dobäi hëllefen.

Demenzkranke Glécksmomenter verschafen, geet duerch Beweegung, Bestätegung, empathesch Kommunikatioun an Entspanung. Dës weidere soll een op déi bestoend Erënnerungen zeréckgräifen a Ressourcë vun der Persoun als Potenzial gesinn. Wann ee Betraffenen zum Beispill ëmmer gären trëppele gaangen ass, soll een der Persoun hëllefen dat richtegt Schongwierk auszewielen. War eng Persoun hiert Liewe laang Coiffeur, kann een hir eng Freet domat maachen, sech eng flott Frisur coifféieren ze loossen. An dat sinn e puer Beispiller vu villen.

Eng däitsch Poetry-Slammerin war deen Owend och op Besuch. D'Leah Weigand ass 27 Joer al, huet am Gesondheetssecteur geschafft a war doduerch vill a Kontakt mat demente Leit. Schonn zënter Jore befaasst si sech an hirer Poesie mat Mënschen a positive wéi och negative Liewenssituatiounen. Duerch hir Aarbecht huet si dunn och e Gedicht aus der Siicht vun engem Demenzkranke geschriwwen.

Domat wëll d'Medezinstudentin de Leit eng Méiglechkeet ginn, d'Situatioun aus der Siicht vum Betraffenen ze verstoen. D'Leah Weigand betount dobäi awer, dass et just e Versuch ass, sech a si eranzeversetzen.

De Samschdeg ass da wéi all Joer de Memory Walk, wou Solidaritéit fir déi Betraffe gewise gëtt. Informatiounen zum Thema Alzheimer an Demenz fënnt een ënnert anerem bei der ALA wéi och beim Info-Zenter Demenz.