
Misst d’Zuel vun eise Parlamentarier net ieren erhéicht ginn, wann d’Bevëlkerung wiisst? Ëmmerhi gëtt déi politesch Aarbecht an Zukunft net manner.
Mir wollten och vun de Parteie wëssen, ob si der Meenung sinn, dass d’Zuel vun den Deputéierten an der Chamber adaptéiert misst ginn. Dowéinst hu mir hinne folgend Fro gestallt:
Soll d’Zuel vun den Deputéierten an der Chamber no uewen oder ënnen adaptéiert ginn?
Keng Adaptatioun vun der Zuel vun den Deputéierten: LSAP, DP, Déi Gréng, CSV, Piraten
Mir si bereet, iwwer eng Erhéijung vun der Zuel vun de Sëtz ze diskutéieren: ADR
Et misst iwwer eng Erhéijung vun der Zuel vun den Deputéierten nogeduecht ginn: Déi Lénk
D’Zuel vun den Deputéierte sollt reegelméisseg un d’Zuel vun der Bevëlkerung ugepasst ginn: Volt, Déi Konservativ
D’Zuel vun den Deputéierte sollt erhéicht ginn: Fokus, KPL
Krautmaart amplaz Clairefontainesplaz: Firwat wiele mir e Parlament a keng Regierung?
De Wielerwëllen: Muss d’Partei mat de meeschte Sëtz an der Regierung vertruede sinn?
Neien Input oder op Erfarung setzen? Sollen d’Mandatsperiode fir Ministere limitéiert ginn?Lokal Representatioun op nationalem Niveau: Géif eng zweet Parlamentskummer zu Lëtzebuerg Sënn maachen?