2023 sinn iwwer 55% vun de Beem am Land an engem mangelhaften gesondheetlechen Zoustand. 12,3% vun de Beem sinn iwwerdeems schonn ofgestuerwen.

De Klimawandel ze bekämpfen, heescht d’Natur ze ënnerstëtzen. Dofir muss Lëtzebuerg seng Bëscher an der Rei a virun allem gesond halen. All Joer mécht d’Naturverwaltung den Inventaire vun de Bëscher zu Lëtzebuerg. Doduerch kënne Prognosë fir d’Zukunft an Entwécklunge vum allgemengen Zoustand vun der Natur festgehale ginn. Dëst Joer goufe ronn 1.200 Beem op gutt 50 verschiddene Plaze méi no ënnert d’Lupp geholl. Nëmme méi 14,5 % dovunner ware wierklech gesond. De Philippe Schmitz vun der Naturverwaltung erkläert:

Mir hunn d’Beem vu Juli bis August gekuckt. An dobäi kucke mir d’Krounenentwécklung. Wei d’Kroun sech par Rapport zu enger gesonder Kroun, déi voll belaf ass, entwéckelt. Mir hu festgestallt, dass d’Situatioun änlech ass, bezéiungsweis bësse méi schlecht wéi di Jore virdrun.

D’Naturschutzgebitt Ellergronn zu Esch ass ee Beispill dofir, wei Bëscher kennen a Form gehale gi. De Pol Zimmermann erkläert, wei wichteg et ass, dass Mënsch a Natur zesummen an net laanschtenee schaffen.

Sou dass mer u sech ëmmer musse kucken, dass mer dës Weeër vun deene Beem, déi ofstierwen ze securiséieren. Mir probéieren eis Bescht de Bësch sou resilient wei méiglech ze gestalten, fir dass mer nach ganz vill Jore kënne vun dësem Bësch profitéieren.

Fir Bëscher anstänneg ze ënnerhalen, brauch et natierlech och ee gewësse Budget. Beim Ëmweltministere an der Naturverwaltung ass ee sech dëser Tatsaach bewosst a betount, wéi wichteg et ass, di eenzel Acteuren dobäi ze ënnerstëtzen. D’Joëlle Welfring:

Do hu mer och eng Rei Moossnamen, och finanziell Ënnerstëtzung. Souwuel fir d’Gemengen wéi och privat Bëschbesëtzer. Eise Klimabonus Bësch, deen een als Privatbesëtzer vun engem Bësch kritt, deen ee besonnesch Natur-no geréiert. An natierlech eis Subventiounen, déi mer souwuel de Gemengen an och de Privatbesëtzer ginn.

Nieft Subsidë wëll d’Naturverwaltung ënnert anerem mam Natur-Pakt Gemengen encouragéieren, hir Bëscher ze schützen a Biodiversitéit ze fuerderen. Donieft soll d’Villfältegkeet a Wichtegkeet vun de Bëscher de Leit nees méi no bruecht ginn.

Bis ewell si 86 Gemengen Deel vum Naturpakt. D’Naturverwaltung hofft duerch hir Subsidë weider Gemengen als Partner ze gewannen, fir op nationalem Niveau kollektiv d’Bëscher ze schützen an de Klimawandel ze bremsen.