Deklaréiert Zil vun de Piraten ass eng fair Steierpolitik

© RTL-Archiv
D‘Steierpolitik, dat ass an der Walcampagne ee Sujet, deen theemen-iwwergräifend ass, vu Kafkraaft iwwer sozial Gerechtegkeet bis bei de Logement.
D‘Piraten hunn hir Prioritéiten bei der Steierpolitik detailléiert. Eng Steierpolitik soll derfir suergen, dass et ee sozialen Zesummenhalt gëtt an an engems d‘Ekonomie funktionéiert.
Mëttelfristeg missten all d‘Steierklassen ofgeschaaft ginn. D‘Pirate setze gär op eng komplett Individual-Besteierung. Kuerzfristeg sinn et fir de Sven Clement awer 3 Prioritéiten:
"Als Éischt emol elengerzéiend Elterendeeler an d‘Steierklass 2, well déi am meeschte vun der Aarmut betraff sinn. An dann d‘Witwesteier ofschafen, also d‘och d‘Wittleit an d‘Steierklass 2 stellen. An da ganz kloer de Steierbarème ze indexéieren“
De Plaffong, dee fir d‘Mëttelklass spille soll, läit fir d‘Pirate bei engem Akommes vun 120.000 Euro imposabel d‘Joer. D‘TVA misst bei verschiddene Produiten erofgoen.
Ëmweltbewosst Leit missten ee fiskale Klimabonus kréien. Beim Logement hätten d‘Pirate gären Steieravantagen, wann d‘Proprietären ee moderate Loyer froen.
Locatairë misste beim Loyer steierlech ënnerstëtzt ginn. Alles dat ass ze finanzéieren, seet de Sven Clement.
"Dat ass dat Schéint dobäi. Mir hunn all déi Mesurë virun zwee Joer an enger Steierdebatt thematiséiert a mir kruten och scho vun der Steierverwaltung virgerechent, dass dat Ganzt mat deem Méi-Besteiere vun Akommessen iwwer 16.000 Euro brutto de Mount finanzéierbar wier“
Fir d‘Betriber da géif de Piraten no eng eenzeg Firmesteier Sënn maachen.