Och de 4. Polizist gouf aus der Untersuchungshaft entlooss

Nodeems d'lescht Woch schonn 3 vu 4 concernéierte Polizisten aus der Untersuchungshaft fräikoumen, ass elo och dee leschte Beamten nees op fräiem Fouss.
Och de leschte vun de véier Polizisten, déi Mëtt Juli wéinst engem Fall vu presuméierter Policegewalt um Garer Kommissariat festgeholl goufen, gouf en Dënschdeg den Owend ënner riichterlecher Opsiicht virleefeg aus der Untersuchungshaft fräigelooss.
Grad ewéi déi dräi Polizisten, déi schonn den 22. September an d'lescht Woch e Mëttwoch an en Donneschdeg fräi koumen, steet och de véierte Beamten ënner Oplagen. Ënnert anerem dierfen d'Poliziste kee Kontakt zu Kolleege vun hirem Kommissariat ophuelen an d'Land net verloossen.
De 4 Beamte gëtt Policegewalt reprochéiert. Am Mee solle si e Mann, deen ze vill gedronk hat, um Garer Kommissariat mësshandelt an dono probéiert hunn, d'Dot ze vertuschen.
Wéi bei all Enquête gëllt och an dësem Fall d'présomption d'innocence.