0 op 100 an ënnert 1 Sekonn, Lëtzebuerger Student u Weltrekord bedeelegt

© Andy Brücker
Studente vun der ETH Zürich ass et gelongen en neie Vitess-Weltrekord vun 0 op 100 fir elektresch Formelween opzestellen. Mat dobäi och de Yann Bernard.
De Lëtzebuerger Yann Bernard huet op der ETH zu Zürich Maschinnebau studéiert an ass dëst Joer fäerdeg ginn.
Nieft dem Studium ass awer och virun allem Weekends vill Zäit an e parallelle Projet gefloss, deen ënnert dem Numm "Formula Student" leeft. Hei geet et drëm e Formelwon ze bauen, a sech da mat aneren Universitéiten a verschiddene Courssen ze moossen. Grousst Zil vun der ETH Zürich war et fir dëst Joer, sech de Weltrekord an enger Sprint-Disziplin ze sécheren.
Un deem Projet vun der ETH Zürich hunn eng 20 Studenten deelgeholl, dorënner och 4 Lëtzebuerger.
Et waren dat:
Ben Weber: Tester organiséieren, mat un der Reegelung vum Auto geschafft
Pit Peiffer: Fuerwierk
Philippe Dominique: divers Aufgaben, dorënner matgeschafft u Fuerwierk an un der Boîte
Yann Bernard: Motor-Entwécklung plus de Volet "Media".
Fir de Yann war et net seng éischt Participatioun un esou engem Formula-Student-Projet. Hie war eng éischte Kéier 2018 mat dobäi.

© AMZ Racing
Yann Bernard: "Den Auto muss ee sech virstelle wéi e ganz klenge Formel 1. Et sëtzt eng Persoun dran an et passt an d'Reglement vun der Formula Student. Den Auto ass virun allem aus Carbon gebaut, aus ganz liichtem Material, wierklech optiméiert fir maximal schnell ze sinn.
Mir hu vill Leeschtung dran, 330 Päerd bal, elektresch Leeschtung, e ganz klengen Akku, well mer jo net wäit musse fueren an den Auto selwer weit nëmmen 140 Kilo ouni Fuerer. Also domat en extrem héicht Leeschtungsgewiicht."
D'Formula Student ass eng weltwäit Competitioun tëscht Studente vu verschiddenen Unien. Déi kommen z.B. aus der Schwäiz, Däitschland, Holland, Amerika oder Japan. Et geet hei wärend ronn engem Joer drëm e Courseauto ze bauen, mat deem se sech dann effektiv op diverse Courssen uechter Europa matenee moossen an do definéieren, wien dann dat Joer dee Séierste war. Dat ganzt gëtt als "Ingenieurswettbewerb à l'amitié" ausgedroen.
D'Ingenieure representéieren hei u sech hir Uni, ma et ginn dann op deenen Unie richteg Teams. Am Fall vum Yann Bernard ass dat den "Akademischer Motorsportverein Zürich", oder kuerz AMZ Racing. Dat Team schafft schonn zanter 2006 Joer fir Joer un deenen Autoe fir d'Formula Student.

© AMZ Racing
Fir dëst Joer gouf dann och kee komplett neien Auto genotzt, fir de Projet "Weltrekord" ze starten.
Yann Bernard: "Mir hunn en Auto vun 2019 geholl an ëmgebaut. Deen Auto ass am Fong bal perfekt, fir sou eng Beschleunegung ze maachen, fir extrem schnell vun 0 op 100 ze beschleunegen. Wa mer deen elo huelen an nach e bëssen adaptéieren, nach e bëssen optiméieren, méi e klengen Akku maachen,... all déi Saachen eraushuelen, déi mir net brauchen, eis Aerodynamik upassen, dass mer den Auto esou kënnen ëmänneren, dass mer de Weltrekord kënnen huelen."
Wéi kann ee sech dann den Oflaf vun esou engem Projet virstellen?
Yann Bernard:"De Projet ass eigentlech zimmlech intensiv. Et geet ëmmer Mëtt September lass, am Fong mam Semester op der Uni, an déi éischt Course ass dann Ufanks Juli. Dat sinn ongeféier 8 bis 10 Méint mat de Courssen, mä am Fong entsteet an 8 Méint vun engem wäisse Blat Pabeier e fäerdegen Auto, deen op 4 Rieder steet a fiert. Do gëtt et dann eng ganz Entwécklungsphas, déi geet bis Dezember. Dann eng ganz Constructiounsphas, déi geet bis ongeféier Abrëll. Eng ganz Testphas, déi bis ongeféier Juni geet, bevir et dann op d'Coursse geet."
Déi Zäit ass wéi gesot immens intensiv, ma bréngt de Studenten immens vill. Si kënnen extrem vill léieren, extrem vill gesinn, extrem vill mathuelen aus enger Ingenieursperspektiv, wéi een eben entwéckelt, ma och wéi een test, wat eng riseg Opportunitéit ass, esou de Yann Bernard weider.
Wann ee sech e bëssen am Motorsport auskennt, weess een, dass Entwécklung an Tester immens vill Sue kascht. Dat ass och bei der Formula Student net anescht.
Yann Bernard:"Mir finanzéieren eis selwer duerch Sponsoring, dat heescht mir kréie vun der Uni en Atelier gestallt, ma dobäi bleift et am Fong bal. Alles wat mir brauchen, fir eisen Auto ze bauen, vu Materialien, vu Constructioun, vu Stécker déi hiergestallt sinn, vu Stécker déi mer kafen, vu Stécker a Materialien a Geräter, déi mer selwer brauchen, finanzéiere mir selwer duerch Sponsoren. Wéi zum Beispill BMW, oder EKZ, dat ass d'Stroumwierk am Kanton Zürich. Aner grouss Sponsoren... Thyssen Krupp kennt een eventuell, déi do finanzstaark mat dobäi sinn.
Iwwer 100 Sponsore sinn involvéiert, déi Joer fir Joer de Projet ënnerstëtzen, mat Materialien, mat Fäerdegungsleeschtungen oder iwwert aner Weeër. Déi profitéieren dann duerch d'Succèse vun hiren Teams, ma och duerch d'Erfarungen, déi d'Ingenieursstudenten am Kader vum Projet sammelen.

Op Presentatioune kommen dann natierlech och Vertrieder vun deene Sponsore beieneen, verschiddenen Industrien treffen hei openeen a kënne sech austauschen. Do entstinn da gären emol Kollaboratiounen, déi anescht net zustane komm wieren, respektiv entdecken d'Firme Léisunge fir Problemer, déi se och an hire Firme kënnen ëmsetzen.
De ganze Projet beleeft sech op e Käschtepunkt vun e puer Honnertdausend Euro, wat domat ze erklären ass, dass hei wierklech mat Materialien an Technike geschafft gëtt, wéi se z.B. och an der Formel 1 an den Asaz kommen.

Zil Beschleunegungsweltrekord
D'Studente vun den Uni Stuttgart haten de Weltrekord vun 0 op 100 km/h am September 2022 opgestallt, dat mat enger Zäit vun 1,461 Sekonnen. Dee Rekord wollten d'zukünfteg Ingenieure vun der ETH Zürich awer nees bei sech huelen, an hu sech am Virfeld Gedanke gemaach, wat ee muss investéieren u Suen, ma och un Zäit an Entwécklung, fir de Rekord ze knacken. No der Analys vun den Donnéeën, grad ewéi e sëllege Simulatiounen um Computer, war ee sech sécher, dass wann een "all in" geet, ass et méiglech dee Rekord ze knacken, esou de Yann Bernard.
Fir en Auto sou séier wéi méiglech ze maachen, ginn et puer elementar wichteg Punkten, déi een ëmsetze muss. Engersäits muss den Auto natierlech sou liicht wéi méiglech sinn. All Kilo deen een net matschleeft, muss och net beschleunegt ginn. Wichteg ass an deem Fall natierlech och de Pilot, respektiv an dësem Fall d'Pilotin. Fréi am Verlaf vum Projet gouf sech mat där Fro beschäftegt.
Yann Bernard: "An do si mer op d'Kate Maggetti gefall, wat wierklech ënner 50 Kilo weit, ënner 45 souguer, einfach vun der Statur hir. An do konnte mer och am Auto nach alles upassen, dass een un d'Pedallen erukënnt, dass d'Steierung net ze schwéier geet. All dat huet sécherlech extreem dozou bäigedroen."

© AMZ Racing
Da brauch ee Leeschtung. Den Auto muss mat genuch Kraaft no vir gedréckt ginn. Dofir gouf e komplett neien Akku entwéckelt, grad ewéi eng nei Leeschtungselektronik, awer och nei Elektromotoren, déi considerabel méi Leeschtung hunn, wéi d'Virgängermodeller.
Da muss een déi Kraaft, déi een huet, och op de Buedem kréien. Wichteg sinn hei natierlech d'Pneuen, well déi den Auto jo mam Buedem verbannen. Dann ass awer och den Upressdrock duerch d'Aerodynamik wichteg.
An der Formel 1 gëtt mat ganz vill Spoilere geschafft, fir den optimalen Upressdrock ze generéieren, wat och immens gutt bei héije Vitesse funktionéiert, grad ewéi a Kéieren. Fir eng Beschleunegung vun 0 op 100 Stonnekilometer sinn awer aner Facteure wichteg an do koum eng dach ongewéinlech Léisung an den Asaz, déi näischt mat engem Spoiler ze dinn huet.
Yann Bernard: "Bei eis ass dat awer net relevant. Mir brauchen deen Upressdrock vun 0 Kilometer an der Stonn un, aus dem Stand, well mer do am meeschten Zäit verléieren. An do kënnt dann elo d'Iddi vun deem Staubsauger an d'Spill. Et kennt een dat eventuell aus der Formel 1 vun de 70er Joren, déi haten och esou Systemer. Mä Dir kennt dat och vun doheem, Dir huelt e Staubsauger, Dir wëllt den Tapis staubsaugen, op eemol saugt dee sech fest an et muss een drun zéien, fir dat iergendwéi lass ze kréien. A genee deen Effekt notze mir aus. Mat klenge Lüfter hu mer am Fong eng grouss Plack, ënner där mir d'Loft eraussaugen. An doduerch saugt sech déi Plack un dem Buedem fest. Déi Plack kënne mir dann ënnert dem Auto festmaachen an esou déi zousätzlech Drock-Kraaft op d'Rieder erzeugen."
Déi Iddi ass selbstverständlech net nei, ma de Studente vun der ETH Zürich ass et gelongen et esou ëmzesetzen, dass et och funktionéiert fir hir Besoinen, nämlech séier op riichter Streck aus dem Stand op 100 km/h z'acceleréieren bei optimalem Upressdrock. Do huet d'Aerodynamik-Ekipp eng exzellent Leeschtung ofgeliwwert, wat e grousse Schratt Richtung Weltrekord bruecht huet.
Eng Woch virun der geplangter Rekord-Faart war ee sech zimmlech sécher, dass et méiglech wier eng Zäit vun 1,2 Sekonnen ze fueren, virausgesat et klappt alles wéi geplangt.
Yann Bernard:"Nach méi schnell ze ginn, do muss een op eemol exponentiell vill Energie dra stiechen, exponentiell vill besser sinn. Ech mengen et ass genau dat wéi mat den Autoen. E Bugatti Veyron wëll 400 fueren, dee brauch net 5, 6 oder 700 PS; dee brauch op eemol 1.000 PS, 1.500 PS. A wann elo ee wëll 50 km/h méi schnell fueren, da brauch en net 10% méi Leeschtung, da brauch en 100% méi Leeschtung. Et gëtt ëmmer méi schwiereg méi schnell ze ginn."
Den Dag vun der Rekord-Faart
Gefuer gouf um Militärfluchhafe vun Dübendorf a bei optimale Bedingungen ass et de Studente schonn an der Mëttesstonn gelongen de Rekord vun der Uni Stuttgart ze briechen, dat mat enger Zäit vun 1,1 Sekonnen, fir de Sprint vun 0 op 100 km/h. Dat war natierlech genial an eng riseg Belounung fir déi ganz Entwécklung, Zäit, Energie a Fräizäit, déi een investéiert hat. Ma domat goufen d'Studenten och vum Éiergäiz gepak, a si wollte kucken, wat nach méi méiglech wier, fir de Rekord nach weider erofzedrécken.
Et goufen nach emol nei Pneuen ausgepak, d'Daten analyséiert, d'Streck gouf nach emol mat der Kierbiischt komplett gebotzt, fir dass och nëmme kee klenge Steen am Wee läit. Pneuen a Streck waren optimal op Temperatur, an dunn ass et och gelongen déi Fabel-Zäit vun 0,956 Sekonnen ze fueren.

© AMZ Racing
Et haten dunn och nach aner Leit aus dem Team probéiert déi Zäit ze fueren, déi dann ëm 65 Kilo haten. Dobäi sollt sech beweisen, dass et richteg war op d'Kate Maggetti als Pilotin ze setzen, well kee vun deenen aneren ass ënnert déi magesch Grenz vun 1 Sekonn komm.
D'Leeschtung vun der Pilotin ass dann och net héich genuch anzeschätzen. D'Kate Maggetti war technesch net an de Projet involvéiert, ma wier ëmmer disponibel gewiescht fir d'Tester an hätt och bei der Rekordfaart 100% ofgeliwwert an huet näischt futti gemaach, esou de Luef vum Yann Bernard.
Et muss een och bedenken, dass bei der Rekordfaart net manner wéi 3G op de Kierper vun der Pilotin gewierkt hunn, wat 3 mol d'Kierpergewiicht duerstellt. A da wärend just enger Sekonn huet een och net wierklech Zäit nach ze reagéieren oder grouss nozedenken. Do muss alles perfekt klappen, wat et dann och an dësem Fall gemaach huet.
Rekord steet elo offiziell an de Guinness World Records
Fir dass e Rekord als Weltrekord unerkannt gëtt, mussen e sëllege Konditiounen erfëllt ginn, an alles gëtt penibelst gepréift. Dat erfuerdert dann och eng gutt Preparatioun, fir dass all d'Donnéeë virleien, déi een da bei de Guinness World Records muss areechen. Dat ass iwwerdeems och mat Käschte verbonnen. Um Dag vum Interview mam Yann Bernard Enn Septamber war de Rekord da mëttlerweil och zertifiéiert a kann esou och um Site www.guinnessworldrecords.com nogesicht ginn.

© AMZ Racing
Nom Studium geet et berufflech weider fir de Yann Bernard, ma net zu Lëtzebuerg
Mat dem Rekord ass och de Studium vum Lëtzebuerger op en Enn komm. Hien huet säi Master ofgeschloss a fir hie geet et dann elo an d'Beruffsliewen. Wéi vill aner Studente bleift hien dann och do, wou e säi Studium gemaach huet, an dësem Fall zu Zürich. Souwuel d'Stad gefält him gutt, grad ewéi och d'Industrie-Ëmfeld kënnt him entgéint an ass "extrem passionant", wéi e selwer seet, grad ewéi no un der Uni. Dat gëtt him d'Geleeënheet an den nächsten 2-3 Joer nach vill matzehuelen a vill ze léieren op professionellem Niveau, wat awer net ausschléisst, dass e spéider emol op Lëtzebuerg wéilt zeréckkommen. D'Entrée an d'professionell Welt geet awer elo mol via Zürich.

© Andy Brücker