D'Walresultater vun den eenzelne Kandidate setze sech aus Lëschtestëmmen a perséinleche Stëmmen zesummen.

Mir wollten eis emol ukucken, ob et Verännerungen an der Reiefolleg an den eenzele Walbezierker gëtt, wa mer d'Lëschtestëmmen ausblenden an eis just op déi perséinlech Stëmme limitéieren.

Süden

Am Süde bleift un der Spëtzt de Jean Asselborn mat ganzer 20.596 Stëmmen. Ma direkt dohannert géif an dësem Zenario dem Nach-Ausseminister seng LSAP-Parteikolleegin Taina Bofferding kommen, déi ëmmerhin nach 18.107 Stëmme gesammelt huet. Op der drëtter Plaz wier den éischte Mann vun der CSV, de Gilles Roth mat 14.777 Stëmmen dat viru sengem Parteikolleege Georges Mischo, deen der 13.714 krut. Déi fënnefte Plaz an dësem Ranking geet un e weidere Mann vun der LSAP, de Mars Di Bartolomeo, deen 11.861 perséinlech Stëmme sammele konnt.

Lëschtestëmme vun deenen am Bezierk gewielte Parteien: CSV-16.674, LSAP-12.802, DP-8.613, ADR-7.100, Piraten-4.526, Déi Gréng-3.608, Déi Lénk-2.222

Zentrum

Keng Verännerung am Klassement vun de perséinleche Stëmmen am Verglach mam Total gëtt et am Zentrum an der Top 3. Hei läit de Xavier Bettel (DP - 24.692) däitlech virum Luc Frieden (CSV - 19.625), deen och nees eng gutt Avance op d'Yuriko Backes (DP - 14.263) huet. Dono kommen awer zwou Iwwerraschungen. Déi véiertmeescht perséinlech Stëmme krut d'Sam Tanson (Déi Gréng - 14.240) an dat just ganz knapp hannert der Finanzministesch. Kombinéiert kënnt déi gréng Justizministesch awer just op déi 11. Plaz. An d'Top 5 packt et dann och nach de Pirat Sven Clement (12.606), deen am globale Ranking op Plaz 14 komm wier.

Lëschtestëmme vun deenen am Bezierk gewielte Parteien: CSV-11.374, DP-9.326, LSAP-4.339, Déi Gréng-3.743, ADR-3.086, Piraten-2.468, Déi Lénk-1.399

Norden

Keng Verännerungen an der Top 2 am Norden, hei kënnt d'Martine Hansen (11.744) virun hiren CSV-Parteikolleeg an Namensvetter Christophe Hansen (9.048). Ma wa mer just déi perséinlech Stëmme kucken, klammen dono mam Fernand Etgen (6.603) an dem André Bauler (6.131) zwee DP-Politiker am Ranking all Kéiers zwou Plazen. Dat ënner anerem op Käschte vum drëtten CSV-Politiker Charel Weiler (6.067), deen awer nach op d'Plaz fënnef an dësem Ranking kënnt.

Lëschtestëmme vun deenen am Bezierk gewielte Parteien: CSV-8.416, DP-3.926, ADR-3.836, LSAP-3.653, Piraten-2.276.

Osten

Am Oste kënnt a béide Fäll, ob een den Total vun de Stëmmen oder just déi perséinlech kuckt, kee Wee laanscht d'Paulette Lenert vun der LSAP, déi eleng bei de perséinlechen der 11.927 gesammelt huet. Dohannert kënnt den Ost-Spëtzekandidat vun der DP Lex Delles mat 9.414. De Léon Gloden vun der CSV, deen am Total op d'Plaz zwee géif kommen, ass an dësem Ranking mat 7.445 Stëmmen den Drëttplacéierten, dat virun der DP-Buergermeeschtesch vun Iechternach der Carole Hartmann (6.919) vun de DP. Déi fënnefte Plaz wier fir e weideren CSV-Politiker, de Max Hengel (6.010).

Lëschtestëmme vun deenen am Bezierk gewielte Parteien: CSV-5.932, DP-3.628, LSAP-2.418, ADR-2.264.