Invité vun der Redaktioun (18. Dezember) - Eric Thill"Mir sinn houfreg op d’Lëtzebuerger Sprooch an op d’Méisproochegkeet"

Carine Lemmer
En Donneschdeg de Moie war eis Sprooch Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Eric Thill
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Mir maachen aktuell sou vill fir d’Lëtzebuergescht wéi nach ni virdrun, dat sot de Kulturminister Eric Thill en Donneschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Hien ass zoustänneg fir d’Lëtzebuerger Sprooch. Et wier een houfreg op eis Sprooch, awer och op d’Méisproochegkeet. Lëtzebuergesch wier den Zentrum. D’Sprooche sollt een net géinteneen ausspillen.

Méi Lëtzebuergesch am Alldag

En Aktiounsplang mat 50 Mesurë soll eis Sprooch méi visibel maachen a stäerken, besonnesch do wou se gebraucht gëtt. Den DP-Minister versteet, wa Leit genervt sinn, wa se zum Beispill beim Dokter net kënne Lëtzebuergesch schwätzen. Do géif een dru schaffen. Mat der Horesca an am Santéssecteur géif ee kucke fir e Basis-Vocabulaire ze vermëttelen. Et géif een e Glossaire, e Vokabelsbichelchen, opstellen, fir datt d’Lëtzebuergesch méi konkret um Terrain benotzt gëtt. Et géifen och Formatiounen an den Haiser gemaach ginn, fir et dem Personal méi einfach ze maachen.

Den Intressi fir eis Sprooch ze léiere wier grouss. 10.000 Plazen huet een aktuell all Joer. Déi ware bannent Minutten ausverkaf. D’Offer soll vergréissert an och dezentraliséiert ginn. Et soll ee méi flexibel kënne léieren, zum Beispill och vun doheem aus. An et muss een de Leit natierlech och d’Chance gi Lëtzebuergesch ze schwätzen, also net direkt an d’Franséisch zum Beispill wiesselen.

Alphabetiséierung op Franséisch stäerkt d’Lëtzebuergesch

Geschwënn ass jo d’Alphabetiséierung op Franséisch méiglech. D’Elteren hunn de Choix, ob hiert Kand wéi bis ewell op Däitsch liesen a schreiwe léiert oder op Franséisch. Kee géif do eppes verléieren, huet den Eric Thill betount. An d’Lëtzebuergesch géif gestäerkt ginn, d’Fächer op Lëtzebuergesch ginn an d’Luucht, et wär déi gemeinsam Sprooch. Op Lëtzebuergesch alphabetiséiere wär méi komplizéiert wéi dat heiansdo géif duergestallt ginn. D’Bicher, zum Beispill am Rechnen, missten dann och op Lëtzebuergesch iwwersat ginn.

Lëtzebuergesch soll net offziell EU-Sproch ginn

Déi 4 Basis-Traitéë vun der EU goufen elo op Lëtzebuergesch iwwersat. Dat ass d’Konditioun fir d’Lëtzebuergesch op EU-Niveau ze stäerken. Dat wär esou am Aktiounsplang virgesinn an do hätt ee seng Hausaufgabe gemaach. Mä et wär aktuell net geplangt, fir Lëtzebuergesch als offiziell EU-Sprooch unerkennen ze loossen. Dat géif kee Sënn maachen an et wär och eng Käschtefro. Simultan Iwwersetzunge missten dann zum Beispill gemaach ginn. Lëtzebuerg wär jo awer och e méisproochegt Land. Et géif ee mat den europäeschen Institutiounen no engem “Lëtzebuerger Modell” kucken, fir op EU-Niveau eis Sprooch ze stäerken.

Invité vun der Redaktioun: Eric Thill

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO