Ass op medezinesch Hëllef ugewisenDéi 47 Joer al Diane Odem gëtt zanter dem 10. Dezember vermësst

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police an hirer Vermësstemeldung schreift, wier d'Fra fir d'lescht zu Déifferdeng gesi ginn a kéint sech méiglecherweis an der Belsch ophalen.
© RTL

Si ass tëscht 1,70 an 1,80 Meter grouss, huet schëllerlaang schwaarz Hoer a brong Aen. Si gëtt zanter dem 10. Dezember géint 8 Auer vermësst an ass op medezinesch Hëllef ugewisen. Et ass iwwerdeems och méiglech, datt si mat engem bloe Ford Escort mat enger Lëtzebuerger Plack ënnerwee ass.

All hëllefräich Info ass fir de Policebüro vu Käerjeng/Péiteng, bei deem ee sech per Telefon op der Nummer (+352) 244 56 1000 oder per Mail un d’Adress Police.BASCHARAGEPETANGE@police.etat.lu melle kann.

Back to Top
CIM LOGO