De Jean Asselborn gouf e Sonndeg eng 9. Kéier direkt an d'Chamber gewielt.

Den LSAP-Politiker hat mat bal 33.400 Stëmmen dat bescht Resultat am Süden. Zanter 2004 ass hie Lëtzebuerger Ausseminister, mä dee Posten riskéiert de 74 Joer ale Sozialist geschwë mussen opzeginn. Wéi hien am RTL-Interview sot, géif den Ament alles op eng Koalitioun tëscht der CSV an der DP hindeiten.

De Jean Asselborn iwwert seng politesch Zukunft

Bis déi nei Regierung steet, wier hien als Minister nach am Déngscht vum Land, duerno misst een da kucken, wéi et fir hie weidergeet. Zu der Fro, ob hien als Deputéierten an d'Chamber géif goen, wollt de Jean Asselborn e Méindeg nach näischt soen.