Zu Lëtzebuerg gëllt d'Walflicht. Trotz méigleche Sanktiounen wann een net wiele geet, huet net jidderee sech beruff gefillt, en Ziedel ofzeginn.

Ronn 660.000 Awunner huet Lëtzebuerg. Dovunner hunn de Sonndeg awer just 286.739 Leit misse wiele goen oder waren net gezwongen, mee hu sech fräiwëlleg ageschriwwen. An den Urne waren awer just 249.968 Stëmmziedelen. Dat heescht, dass méi wéi 36.000* Leit trotz Walflicht net wiele waren.

Dobäi kommen dann nach déi ongülteg Stëmmziedelen: 7.889 Ziedele goufen einfach wäiss ofginn. Méi wéi 10.000 Stéck waren ongülteg, well entweder ze vill Kräizer gemaach goufen, eppes op den Ziedel gemoolt gouf oder eppes aneres an der Enveloppe louch, wéi de Stëmmziedel.

Et kann een also festhalen, dass vun den 286.739 ageschriwwene Wieler nëmmen 231.344 gewielt hunn. Vun de bësse méi wéi 4 Millioune Stëmmen, déi ze vergi waren, goufen nëmmen 3.763.680 Stëmme reell ofginn, esou dass méi wéi 277.600 Stëmme verschenkt goufen.

* An dëser Zuel sinn och d'Persounen iwwert 75 Joer mat dran, déi keng Walflicht méi hunn.