Um Pressebriefing e Mëttwoch huet de Formateur mat den 2 Delegatiounscheffe Claude Wiseler a Xavier Bettel iwwer d'Gespréicher vum Moien informéiert.

Koalitiounsverhandlungen 1. Dag / Reportage Michèle Sinner

De Luc Frieden sot, hie wier zouversiichtlech, dass si déi nächst Woche gutt wäerte virukommen.

En Datum oder Zäitraum, an deem dës Negociatioune sollen ofgeschloss sinn, wollt de Luc Frieden net nennen. Ma hien huet betount, dass et an dëse schwieregen Zäite wichteg wier, dass d‘Land eng handlungsfäeg Regierung huet an hien dowéinst méiglechst séier wéilt virukommen. "Dir musst net bis Mokuchsdag waarden, bis eng nei Regierung prett ass", sou de Formateur.

De Luc Frieden no de Gespréicher
Et wéilt ee séier viru kommen.

E Mëttwoch e Moien ass dann och decidéiert ginn, dass an 10 bis 12 Aarbechtsgruppe wäert weidergeschafft ginn.

Déi wichtegst dovu wieren:

1. Kampf géint Aarmut

2. Logement

3. Ëmwelt, Biodiversitéit, Klima, erneierbar Energien

4. Gesondheet

5. Sécherheet

All dës Froe misste Ministère-iwwergräifend diskutéiert ginn, esou de Luc Frieden. Donieft sollen d‘Aarbechtsgruppen eng éischte Kéier vu Vertrieder vun CSV an DP geleet ginn.

Och de Xavier Bettel huet ënnerstrach datt: "Aarmut, Klima, an déi Defien, déi virun der Dier vum Land stinn, wierklech prioritär behandelt ginn."
Dofir empfänken d'Verhandlungsdelegatiounen net just d'Sozialpartner, also Gewerkschaften a Patronatsvertrieder, mee invitéieren och Croix-Rouge a Caritas a souguer de Mouvement Ecologique an den nationalen Nohaltegkeetsrot.
Weider wichteg Sujete wieren d'Sécherheet, Gesondheet, Staatsfinanzen a Besteierung.

E weideren Aarbechtsgrupp wäert sech mat der Educatioun, dem Enseignement supérieur, der Beruffsausbildung an der non-formaler Bildung beschäftegen.

Hannert dem Titel "Economie an Aarbecht" verstoppt sech eng Panoplie vu Sujeten, wéi d'Work-life-balance, d'Landwirtschaft, den Tourismus de Konsumenteschutz, d'Finanzplaz oder nach d'Industrie an d'Energie, déi deemno net zum Volet Klima gehéiert.

Weider Gruppe schaffen op de Sujeten Europa, wouzou d'Defense gezielt gëtt, d'Groussregioun an déi international Relatiounen. En anere Grupp këmmert sech ëm Accueil a Migratioun.

Ënnert dem Titel "Organisation du vivre-ensemble et de la qualité de vie" verstoppe sech ganz divers Themen ewéi d'Landesplanung, d'Mobilitéit, Kultur, Sport, eeler Leit oder där mat spezifesche Besoinen, Benevolat, Chancëgläichheet, Jugend a Famill.

An en 12. Grupp befaasst sech mam moderne Staat, wourënner d'Digitaliséierung, d'Medien, Fonction publique, d'Gemengen an d'Infrastrukture falen.

Mat de Staatsfinanze geet et en Donneschdeg lass. Da kommen d'Beamte vu verschiddene Ministèren den Delegatiounen déi aktuell wirtschaftlech a finanziell Situatioun erklären.

De Xavier Bettel no de Gespréicher
DP ass zefridden.
De Claude Wiseler no de Gespréicher
D'Ambiance war gutt.

Iwwer d'Kompositioun vun der Regierung wier nach iwwerhaapt net geschwat ginn. Hie wéilt, dass sech elo op de Contenu konzentréiert gëtt. Dat wier wichteg, fir gutt virunzekommen.

Weider huet de Luc Frieden erkläert, dass hien houfreg wier op déi Lëtzebuerger Demokratie an dorobber, wéi zanter dem Walresultat alles gelaf ass, notamment och d‘Gespréicher mat de Spëtzekandidate vun den Haaptparteien. Hien huet dofir och dem Xavier Bettel Merci gesot, fir déi respektvoll, frëndschaftlech a flott Aart a Weis vun de Gespréicher déi lescht Deeg.

De Luc Frieden virun der Presse
De Formateur äntwert op d'Froen vun de Journalisten.

Wéi setz sech d'Delegatioun zesummen?

D'Delegatiounen zielen allebéid eelef Politiker. Als designéierte Formateur leed de Luc Frieden d'Verhandlungen iwwert déi nächst Wochen. Him steet de Luc Feller als Assistent zur Säit.

Hien ass aktuell "Haut Commissaire à la Protection Nationale", dee seng Büroen och am Sennenger Schlass huet. De Mamer CSV-Schäffe kéint Buergermeeschter ginn, wann de Gilles Roth an der neier Regierung zu Minister-Éiere kënnt.

Den aktuelle Mamer Buergermeeschter a Co-Fraktiounspresident ass dann och an der CSV-Delegatioun natierlech dobäi, déi vum Parteipresident Claude Wiseler ugefouert gëtt. Soss nach aus der Parteispëtzt an der Delegatioun dobäi sinn d'Stéphanie Weydert, d'Elisabeth Margue, d'Martine Hansen, de Christophe Hansen, de Stater Schäffe Serge Wilmes, d'Miseler Députés-Maires Max Hengel a Leo Gloden, de Walfer Schäffen an CSJ-President Alex Donnersbach an den Escher Buergermeeschter an Deputéierte Georges Mischo.

Ugefouert gëtt d'DP-Delegatioun natierlech vum Nach-Premier Xavier Bettel, deen d'Ministere Backes, Hahn, Delles a Meisch u senger Säit huet. Fir d'DP verhandele soss nach mat: d'Hesper Conseillère Myriam Feyder, déi net mat an d'Landeswale gaangen ass, d'Iechternacher Députée-Maire Carole Hartmann, de Chamberpresident Fernand Etgen, den nei gewielte Süddeputéierte Luc Emering, d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an déi fréier Ministesch a Schäffen Corinne Cahen.

En éischte Point vum Optakt vun de Negociatiounen e Mëttwoch, wou den Timing fir déi weider Reunioune fixéiert gouf, gouf et um 14 Auer vun den Häre Frieden, Bettel a Wiseler.