Vulnerabel Leit sollte sech impfe loossen, esou de Santésdirekter Schmit
D‘Zuele vun de Corona-Infektioune ginn erëm an d‘Luucht. Aktuell ginn eng 360 Infektiounen d'Woch registréiert.
Och wann déi meescht Leit net méi schlëmm krank vum Corona-Virus ginn, gëllt et deels, weider opzepassen. An der Reegel schéngt de Krankheetsverlaf vu Covid mat de Virus-Varianten, déi aktuell zirkuléieren, net immens schlëmm ze sinn.
D‘Haaptsymptomer sinn änlech, wéi wann ee liicht erkaalt ass. Also Schnapp, Nues déi leeft, e bëssen Houscht an Halswéi. Vulnerabel Leit sollte sech awer trotzdeem schützen, réit den Direkter vun der Santé, Jean-Claude Schmit. "Dat heescht, dat sinn eeler Leit, iwwer 65 Joer. Dat ass eng Kategorie. Dann hu mir alleguer déi Leit, déi chronesch Krankheeten hunn. Häerzkrankheeten, Longekrankheeten an esou weider. Déi solle sech impfe loossen. Plus déi Leit, déi an hirem Entourage sinn, well da kann een déi Krank beschützen doduerch, dass een de Virus net iwwerdréit. An dann hu mir och eng Kategorie, déi ganz wichteg ass. Dat sinn déi schwanger Fraen. Mir wëssen, dass schwanger Frae vill méi Risiko hunn, schwéier Verleef vu Covid ze maachen."
Wien elo net direkt als vulnerabel gëllt, sech awer trotzdeem weider wëllt schützen, ka sech och nach eng Kéier impfe loossen. Et géif kengem en Impfstoff refuséiert ginn, esou de Jean-Claude Schmit. De Vaccin kann een och zesumme mat der Impfung géint d‘Gripp kréien.
Den Direkter vun der Santé, de Jean-Claude Schmit. / © RTL-Archiv
Erwëscht een de Virus dann awer, soll een eng gewëssen Distanz anhalen, esou d‘Recommandatioun vum Santésdirekter.
"Wann ee Symptomer huet an et huet een nach Schnelltester, soll een e Schnelltest maachen. Wann dee positiv ass, da géif ech awer recommandéieren, dass d‘Leit Doheem bleiwen, net schaffe ginn an op jidder Fall vermeiden, mat anere Leit a Kontakt ze kommen."
Sech géint eng Covid- Infektioun schützen heescht dann och nach ëmmer, déi sougenannt Gestes barrièren anzehalen: also seng Hänn reegelméisseg wäschen, Distanz zu anere Leit halen an esou weider. Domat schützt ee sech dann an engems géint all déi aner Otemweekrankheeten, wéi d‘Gripp oder den RSV.