Zwou Persoune mam Auto iwwerranntMann zu Groussbus wéinst Verdacht op Doutschlag festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Géint 17.30 Auer e Sonndeg krut d'Police en Tëschefall op engem Feldwee zu Groussbus gemellt.
© Domingos Oliveira

E Mann soll hei zwou Persoune mat engem Auto iwwerrannt hunn.

Eent vun den Affer ass nach op der Plaz u senge Blessure gestuerwen, déi aner Persoun ass kuerz drop am Spidol verscheet.

Den éischten Informatiounen no soll et sech beim presuméierten Täter ëm de Bouf vun den zwee Foussgänger handelen. Dëse konnt kuerz no der presuméierter Dot bei sech doheem ugetraff ginn. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an et gouf eng Enquête wéinst Doutschlag an d’Weeër geleet.

© Domingos Oliveira

Back to Top
CIM LOGO