"Nee, et ass net, wéi d'Leit sech dat virstellen"

D'Christine Fandel ass 38 Joer al. Zënter méi wéi 15 Joer lieft si mat Schizophrenie. Et huet awer laang gedauert, bis si hir Krankheet unerkannt huet.
Ugefaangen huet der Christine Fandel hir Geschicht am Alter vun 22 Joer. Déi jonk Fra ass an hirer Bezéiung net méi richteg glécklech. Si ass emotional ënner Drock a verléiert sech ëmmer méi a Gedanken. Gedanken, déi esou staark sinn, dass fir si sécher ass, dass et Intuitioune sinn, déi net vun hir komme kënnen. Et kann een och vun Zwangsgedanke schwätzen.
"Bemol duecht ech, d'Leit kéinte meng Gedanke liesen. Am Gespréich mat engem duecht ech ëmmer 'Du dierfs elo keng Frechheet denken!' Natierlech hunn ech du Frechheete geduecht an ech hu mech schlecht gefillt, well ech jo duecht, d'Persoun kéint meng Gedanke liesen an ech hätt si grad beleidegt", erzielt d'Christine.
Aus Angscht, hir Léifsten awer och friem Mënschen ze beleidegen an ze verletzten, schott d'Christine sech ëmmer méi of an entscheet sech, am Hierscht 2008 op Prag ze goen, mam Hannergedanken, dass d'Leit hei eng aner Sprooch schwätzen an hir Gedanken net verstoe kënnen. Si ass iwwerzeegt dovun, dass si telepathesch Kräften huet, déi si notze muss, fir d'Welt ze retten. Zu Prag verbessert sech d'Situatioun awer net, mee gëtt ëmmer méi schlëmm. Déi jonk Fra ësst näischt méi, well si keng Sue wëll ausginn. Si spuert all Cent, fir d'Welt ze retten. Och schlofe kann d'Christine deemools net méi, well de Kapp ëmmer weider dréit. Dunn entscheeden hir Eltere sech, d'Christine op Prag sichen ze goen a mat Heem ze bréngen.
"Am Auto hunn ech mengen Eltere gesot, 'Ech mengen, ech muss an d'Klinik.' A meng Elteren hunn dat eng gutt Iddi fonnt. Ech hunn d'Feierdeeg vun 2008 op 2009 dunn an der Klinik verbruecht. Hei koum du relativ séier Diagnos Schizophrenie. Ech hunn et einfach higeholl, mee mech net wierklech domat auserneegesat."
Schizophrenie ass eng psychesch Erkrankung, déi d'Denken an d'Gefillswelt vum Betraffene stéiert. Dëst féiert dacks zu Realitéitsverloscht an Halluzinatiounen. Betraffener kënnen zum Beispill Stëmmen héieren, sech verfollegt fillen, oder d'Gefill hunn, dass d'Leit hir Gedanke liese kënnen.
"Déi aggressiv schizophren Persoun ass e verzerrt Bild"
D'Christine gëtt an der Klinik och medikamentéis behandelt. Nieft de Gedanken an der Iwwerzeegung, eng telepathesch Kraaft ze hunn, huet si och d'Gefill, dass iwwerall Zeeche sinn, déi hir soen, wat als nächst ze maachen ass. Sou entscheeden zwou Fotoen an hirem Spidolszëmmer - eng vu London an eng vun engem Philosophiesbuch - hir nächst Etapp. D'Christine entscheet nach an der Klinik, en Dokter an der Philosophie zu London ze maachen a schreift hir Demande, fir op d'Uni ze goen, wou si tatsächlech och ugeholl gëtt.
No hirer Hospitalisatioun studéiert si dann zu London, wou si an Therapie bei engem Psychiater ass. Iergendwann hëlt si awer d'Entscheedung, d'Medikamenter rëm ofzesetzen, well si d'Gefill huet, dass dës hir Perséinlechkeet änneren. Eng schlecht Decisioun, wéi sech duerno erausstellt.
"Ech hunn ni Stëmmen héieren, mee et waren éischter Halluzinatiounen. Wéi Biller a mengem Kapp. Biller, wou ech bemol aggressiv ginn an een zerschloen. Ech hunn awer ni wierklech ee geschloen. Déi aggressiv schizophren Persoun ass e verzerrt Bild. Dat ass éischter e Bild, wat duerch d'Medien a Filmer entstanen ass", fënnt d'Christine.
D'Christine muss hire Studium rëm ofbriechen. Si geet weider an Therapie an hëlt rëm Medikamenter.
"Et huet 10 Joer gedauert, bis ech meng Krankheet agesinn hunn"
No op an of erkennt d'Christine Fandel déi psychesch Krankheet un. An der Therapie kënnt eraus, dass dës op vill ënnerdréckte Roserei zeréckzeféieren ass, déi ee Wee erausgesicht huet. Schizophrenie ka genetesch verierft ginn. Mä besonnesch psychesch a kierperlech Traumaen, wéi och e reegelméissegen Drogekonsum si Facteuren, déi eng Erkrankung mat Schizophrenie erkläre kënnen. Beim Christine war dëst awer net de Fall. An och an hirer Famill ass si déi éischt mat dëser psychescher Erkrankung.
Haut geet et der Lëtzebuergerin relativ gutt. Natierlech huet si am Alldag ëmmer rëm mat Erausfuerderungen ze kämpfen. Sou ginn et ëmmer rëm Phasen, wou d'Realitéit "méi wackeleg" ass, wéi d'Christine Fandel dat nennt. Zemools a stresseger Phas wier ee méi séier mat Emotiounen iwwerfuerdert, well Emotioune fir si méi schwéier gräifbar a schwiereg auszeliewe sinn.
D'Medikamenter géifen awer gutt wierken an och ze wëssen, op wat fir Signaler si oppasse muss, wier eng grouss Hëllef, genee sou wéi d'Ënnerstëtzung vun hirer Famill an hirem Ëmfeld. Si géife Changementer an den Ufank vun enger schlechter Phas nämlech méi séier erkennen, wéi si selwer.
"Ech hu sou e puer Leit, wou ech weess, wa si mir soen 'Christine, du bass anescht' oder 'Pass op' dann hu si Recht an da sinn ech och méi opmierksam. Ech mengen, si gesinn dat vu bausse méi neutral wéi ech."
"Et ass keng Schan, Hëllef ze froen"
Och wann d'Christine Fandel selwer laang gebraucht huet, fir hir Krankheet ze akzeptéieren, oder grad dowéinst, setzt si sech haut dofir an, iwwert d'Schizophrenie opzeklären. An dat ugefaange bei de Klengsten an der Gesellschaft. Am Éilenger KonschtWierk ass d'Billerbuch "D'Christine huet Schizophrenie" entstanen. E Buch, wat Kanner iwwer Schizophrenie opkläre soll.
"D'Iddi ass entstanen, well ech Niessen an Neveuen hunn. Ech hu mech ëmmer gefrot, wéi ech hinnen erkläre soll, dass d'Tatta e bëssen anescht ass." Mam Bichelche soll d'Opklärung also méi einfach sinn. "An et ass wichteg fréi opzeklären, Kanner sinn nämlech nach vill méi fräi vu Virurteeler."
D'Christine wëll géint Virurteeler virgoen, eng fréi Diagnos wier nämlech vu Virdeel bei der Behandlung. "Et ass keng Schan, Hëllef ze froen. Dat hunn ech selwer misse léieren. An et gëtt gutt Hëllef." Dofir erzielt déi 38 Joer al Fra hir Geschicht och dem Public op Konferenzen.
Psychesch Krankheete géifen ëmmer besser encadréiert ginn an et géifen och ëmmer méi Offere ginn. Dës Weidere kéint een ëmmer méi Temoignagë vu Betraffene liesen an et gëtt souguer eng Intervoice World Conference. Dëst Joer war déi de 26. a 27. Oktober zu Paräis.

D'Christine Fandel op engem Seminair vun der Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène Mentale a.s.b.l. / © Ligue
Mental Gesondheet: Dir braucht Hëllef?
Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène Mentale
Réseau Psy - Psychesch Hëllef Dobaussen
Association des Familles ayant un proche atteint de Psychose au Luxembourg