Géint de Jean Billa leeft eng Disziplinar-Prozedur. Dat huet den Educatiounsministère RTL op Nofro hi confirméiert.

Zu de Grënn an zu eventuelle Virwërf mécht de Ministère kee Commentaire. Et gëtt op d'Enquête an op d'Onscholdsvermuddung verwisen.

Den Dossier läit elo beim Disziplin-Kommissariat vum ëffentlechen Déngscht. Bis et Konklusioune gëtt, ass den Direkter vum Klierfer Lycée also suspendéiert.

Verschidden Elementer hätt een och un de Parquet weiderginn, heescht et weider aus dem Educatiounsministère.

De Porte-parole vun der Justiz huet eis confirméiert, datt de Parquet Dikrech eng Enquête opgemaach huet. Ëm wat et geet an, ob et vu Säite vun der Justiz eng Suite wäert ginn, dat kéint een am Moment net soen.

De Lycée Edward Steichen funktionéiert zënter der Rentrée 2018. Et gëtt eng national Grondschoul, en nationalen an en internationale Lycée. De Jean Billa ass den éischten Direkter vun der Schoul, déi Plaz fir ronn 1.000 Schüler bitt.