Den Erhalt vun der Natur a vun der Landschaft mécht de Leit Suergen an déi meescht Leit bekenne sech zu Reegelen, wa se eppes bréngen a gerecht sinn.

Dat si puer vun de Konklusiounen, déi de Mouvement écologique aus enger Ëmfro zitt, déi Ilres an hirem Optrag virun de Wale gemaach huet. Der Ëmweltassociatioun no géing d’Ëmfro der nächster Regierung e kloren Optrag ginn. 46% vun de ronn 1.000 Befrote wéilten, datt d’Regierung Lëtzebuerg méi nohalteg mécht. 24% géinge souguer mengen, datt de Wirtschafts- a Sozialmodell misst déifgräifend iwwerduecht ginn, iwwerdeems just 23% der Meenung wieren, datt e klengt Land wéi Lëtzebuerg kaum e Bäitrag zu Léisunge vun de Krise kéint leeschten. Zwar wieren d'Leit deels "ambigu", wa se, engersäits de Wuesstem hannerfroen, mee gläichzäiteg sech Suerge maachen iwwert de materielle Wuelstand.

Mee d'Majoritéit vun de Leit wier averstanen, datt nieft Subventiounen och verstäerkte Reegele fir Klima- a Biodiversitéitsschutz an der Rei wieren. Schmëlzt d'Akzeptanz fir esou Mesuren awer net, wa se konkret ginn ewéi eng Co2-Steier? Der Presidentin vum Mouvement, dem Blanche Weber no, mussen esou Mesurë sozial gerecht sinn an d'Leit misste kënne novollzéien, datt esou Mesuren eppes bréngen.

Dräi Véierel vun de Leit wieren dann och der Meenung, datt technesche Fortschrëtt net géing duergoen, fir d'Klimakris an de Grëff ze kréien. D'Blanche Weber huet zouginn, datt esou Froe komplex sinn an d'Äntwert vun de Leit deels just e Bauchgefill erëmgëtt. Mee déi Fro géing awer scho laang gestallt ginn an d'international Klimaexperte géingen och scho laang soen, datt et mat techneschem Fortschrëtt net duergeet. "A vläicht soll een d'Leit och net fir domm verkafen", sou d'Blanche Weber.

Si gesäit och an der Néierlag vun déi Gréng bei de Chamberwale keng rout Kaart fir méi Klima- an Ëmweltschutz. An hiren Ae hätten all d'grouss Parteien de Klima- an Ëmweltschutz an der Walcampagne héichgehalen.