Grénge Politiker Meris Sehovic am Portrait
Am Kader vun eiser Serie iwwer d‘Deputéiert, déi fir d‘éischt an der Chamber sinn, stelle mir Iech de Meris Sehovic vir.
Sécherlech fir déi meescht keen Onbekannten. Bei déi Gréng ass hien zesumme mat der Djuna Bernard un der Parteispëtzt. Zu Esch huet hien et am Juni an de Schäfferot gepackt a bei de Chamberwalen eben an d'Chamber. Trotz der Defaite vu senger Partei.
Als Schäffen spréngt de Meris Sehovic aktuell vu Reunioun zu Reunioun. A fir déi mam Fierschter Pol Zimmermann ginn d'Lackeschong aus- an d'Stiwwelen ugedoe. D'Natur ass dem Meris Sehovic natierlech wichteg.
De Meris Sehovic gouf am September 1991 zu Belgrad a Serbien gebuer. Kuerz no senger Gebuert si seng Eltere mat him virum Krich am deemolege Jugoslawien an de Grand-Duché geflücht. Hien ass dankbar, dass hien hei an d'Schoul konnt goen an déi selwecht Chancen hat wéi all Kand. Awer hien ass och houfreg, dass hien eppes doraus gemaach huet.
No Studie vu Politikwëssenschaften an Droit zu München a Paräis huet hien den Europadeputéierte Claude Turmes an duerno d'Tilly Metz assistéiert. 2018 als Ost-Kandidat bei de Chamberwalen an och 2019 bei den Europawale gouf de Meris Sehovic net gewielt.
Ma an der Zäit huet hie sech als Co-Porte-Parole bei déi jonk Gréng parteiintern en Numm gemaach. Zanter Juni 2020 ass hie Co-Parteipresident vun déi Gréng. An do huet hie schéin an erfollegräich Amenter erlieft. Awer och schwéier Defaiten.
Den 8. Oktober: eng Albdram-Walsoirée. Déi Gréng probéiere grad, déi batter Defaite ze verstoen. Un där och de Meris Sehovic trotz sengem perséinleche Succès nach knat.
Hie freet sech op d'Chamber a virop a Saache Schutz vun der Biodiversitéit an dem Klima wëll hien der Majoritéit op d'Fanger kucken.
Trotzdeem wëll de Meris Sehovic keen aggressiven Oppositiounsdeputéierte ginn. Hie wëll seng Positioune sachlech argumentéieren.