E Freideg de Moie goufen déi lescht 3 Platanen mat engem grousse Kran um Knuedler an hire Bac gesat. Aus enger Pépiniaire aus der Belsch si se um Freideg an d’Land koum. Ronn 4 Tonne weit ee Bam, se sinn ongeféier 25 Joer al.
Déi fréier Platanen konnten aus technesche Grënn net nees zeréck op hir Plaz kommen, fir si gëtt elo nach eng Plaz an der Stad gesicht. Se sollen awer a guddem Zoustand sinn.