Am Kader vun eiser Serie iwwer d‘Deputéiert, déi fir d‘éischt an der Chamber sinn, stelle mir Iech de Ben Polidori vir.

Zanter 2020 gehéiert hien der Pirate-Partei un. Am Norden ass de fréiere Fussballspiller mat an d'Walen gaangen a konnt do den 3. Sëtz fir seng Partei sécheren.

A manner ewéi 2 Woche kritt deen neien Deputéierte 34 Joer. Zu Esch op d'Welt komm ass de Politiker vun der Pirate Partei zu Diddeleng opgewuess.  An der Forge du Sud huet de Ben och de Futtball-ABC geleiert. Beim Fusiounsclub F91 war dat. Weider Statioune ware Käerjeng, Rëmeleng an zum Schluss Wuermer. Och am Kader vun der U21-Nationalekipp war de Ben Polidori. Ee Goal geet op säi Compte. Zanter 2 Joer hänken elo d'Futtballschung um Nol.

Zënter 2018 ass Viichten dem Ben Polidori seng nei Heemecht. Zesumme mat senger Fra, dem Kim Geller an der gemeinsamer Duechter, dem 3 Joer ale Lia, wunnt de Politiker am Norden. Als Deputéierte gëlt et vill Zäit ze hunn. D'Familljeliewen ass dem Ben awer och wichteg.

Als Informatiker bei der Post huet de Ben Polidori bis ewell säi Brout verdéngt. Elo wëll hie sech voll a ganz op d'Aarbecht als Piraten-Deputeierten an der Chamber konzentréieren.

Digitalisatioun, d'Educatioun an d'Familljepolitik. Dëst sinn dem jonke Familljepapp seng Schwéierpunkten déi nächst 5 Joer. De Ben Polidori a seng Pirate-Kolleege si prett, fir déi nächst 5 Joer Oppositiounspolitik an der Chamber ze maachen.