D'Arméisgewerkschaft adresséiert sech un d'CSV an un d'DP, déi jo weiderhin an de Koalitiounsverhandlungen dra sinn.

D'SPAL lëscht am ganzen 11 Punkten op, déi ee gären an engem Regierungsaccord stoe wéilt gesinn. Notamment wënscht ee sech en eegenen Arméi-Ministère, wéi och en onofhängege Kommissär, deen tëscht Politik an Arméi agéiere soll.

Beim Rekrutement misst konsequent virgaange ginn, fir dem Personalmanktem entgéint ze wierken. Déck ënnerstrach ass am Communiqué och d'Fuerderung nom Ofschafe vum Bewäertungssystem, also dem Artikel 32 aus dem neien Arméisgesetz. Schliisslech géif et sou e System jo fir déi ganz Fonction publique net ginn.

Iwwert dëse Link kënnt een op den offizielle Communiqué vum SPAL!