Am Kader vun eiser Serie iwwer d‘Deputéiert, déi fir d‘éischt an der Chamber sinn, stelle mir Iech de Charel Weiler vir.

De Charel Weiler huet de Sprong op de Krautmaart gepackt. Deemno weise mir Iech de Portrait vun engem weideren neien CSV-Deputéierten aus dem Norden.

Fir de Charel Weiler ass de Wee an d‘CSV-Fraktioun an der Stad hannert dem Palais net nei. 9 Joer laang war hien Affekot an enger Etüd zu Dikrech. Déi lescht 9 Méint huet hien do bei senger Partei geschafft. Mat 37 Joer ass de Charel Weiler zwar nei an der Chamber, mä kee richtegen Newcomer.

2006 gouf hie Member an der CSJ. 2017 gouf hie Conseiller a senger Gemeng zu Dikrech. Bei de Gemengewalen dëst Joer huet d‘CSV et ënnert senger Leedung fäerdegbruecht, déi 12 Joer al absolut Majoritéit vun der LSAP ze briechen. Als Buergermeeschter vun Dikrech huet hien et no Enttäuschunge bei de Chamberwalen 2013 an 2018 elo och an d‘Chamber gepackt. Député-maire: en zolitte Pensum.

Justiz, Logement a Mobilitéit. Sujeten, déi de jonken Deputéierten interesséieren. An als Norddeputéierten: d‘Entwécklung vum ländleche Raum natierlech.