Restaurant platzt aus allen Néit, Wanteraktioun misst ganzt Joer funktionéieren

© Marc Hocheid / RTL
Flüchtlingen a Migratioun sinn eng grouss Erausfuerderung a ganz Europa, de Grand-Duché ass do keng Ausnam.
Lëtzebuerg huet seng Politik misse rezent adaptéieren a kann net méi jiddereen, dee Schutz sicht, direkt ophuelen. Well d'Strukture fir Refugiéeë voll sinn, kommen zanter gutt zwou Woche männlech Demandeurs d'asile hei am Land op eng Waardelëscht. Dat bedeit de facto, datt si op der Strooss landen. Ënnert dem Pont Adolphe an der Stad liewe beispillsweis mëttlerweil e puer Leit an Zelter. Den Immigratiounsministère huet zwar schonn intervenéiert a probéiert, déi Leit ënner Daach ze kréien, mee an alle Fäll schéngt dat awer net geklappt ze hunn. Eng Konsequenz dovunner ass, datt Associatioune wéi d'Stëmm vun der Strooss nach méi Aarbecht kréien, wéi souwisou schonn.
E Méindeg de Moie ware mir um Siège vun der ASBL zu Hollerech an hunn nogefrot, wéi d'Situatioun aktuell ass. Hire Spriecher Bob Ritz huet ënnerstrach, datt de Restaurant zu Hollerech aus allen Néit platze géing. Pro Dag géingen hei bal 400 Moolzechten zerwéiert, mat de Restauranten zu Esch an Ettelbréck kéim een op ronn 700. Zejoert louch een do bei 250, maximal 300 Iessen. D'Streetworker verdeele Jetonen un d'Leit an den Zelter, fir datt déi eppes z'iesse kréien, sou de Bob Ritz. Am Restaurant vun der Stëmm vun der Strooss wären d'Ukrainer elo och déi drëtt Nationalitéit, déi géif iesse kommen.
Datt een an deem räiche Lëtzebuerg net genuch Better fir Flüchtlingen huet, wier net akzeptabel.
"Mir hunn net déi gréisste Kapazitéiten, mee trotzdeem schwätze mer lo hei net iwwert 200 oder 300, mee eng 50 Leit. A mir kucken am Fong no, wéi déi Leit an der Stad ënnert enger Bréck schlofen. Ech mengen, do misst awer an engem Land wéi Lëtzebuerg, wou Migratioun an der Vergaangenheet eng riseg Roll gespillt huet, e Land, wou d'Multikulturalitéit a Solidaritéit awer ëmmer do waren a lo op eemol fanne mer keng 50 Schlofplazen."

© RTL Archivbild
Et misst a kierzter Zäit méiglech sinn, als Iwwergangsléisung eng Hal fir déi Leit zur Verfügung ze stellen. Kritesch gesäit ee bei der Stëmm vun der Strooss och de Fait, datt d'Wanteraktioun réischt de 15. November uleeft. Wéinst der grousser Demande misst dës méi fréi ufänken, respektiv dat ganzt Joer iwwer daueren. Un d'Adress vun der zukünfteger Regierung war et vum Bob Ritz den Appell, op d'Acteure vum Terrain zouzegoen an een oppent Ouer fir hir Besoinen ze weisen. D'Fro, ob den Immigratiounsministère weider beim Ausseministère bleiwen oder besser bei den Interieur wiessele sollt, wier iwwerdeems schwéier ze beäntwerten, well net kloer wier, wat fir een Ënnerscheed dat maache géif.
Mir géifen net wëssen, wat déi Leit erlieft hunn. Si géife bei eis kommen, fir Schutz ze sichen an op der Strooss landen. Do misst méi méiglech sinn.
Vun der neier Koalitioun erwaart ee sech, datt mam Terrain geschwat gëtt. Och d’Stëmm vun der Strooss wär e Big Player a géif gäre gehéiert ginn. Caritas a Rout Kräiz ware jo vun de Verhandlungsdelegatioune geruff ginn.