Fir de François Bausch war d'Mäertensfeier déi lescht a senger Funktioun als Defenseminister.

Déi Lëtzebuerger Arméi huet um Härebierg hir traditionell Mäertesfeier ofgehalen. Fir de François Bausch war et déi leschten a senger Funktioun als Defenseminister. Seng Ried huet hie genotzt, fir ee Bilan vu senger Amtszäit ze zéien, an dee fält nawell zimmlech positiv aus.

Mäertensfeier vun der Arméi: De François Bausch stellt sech eng gutt Zensur aus

Ma et war awer net esou, wéi wann de François Bausch sech nëmme selwer op d'Schëller geklappt hätt. Bei zimmlech ongemittlechem Wieder, bei deem ee passend zum Patréiner vun den Zaldoten, dem Hellege Mäerten, gutt dru gedoen hätt, ee Mantel unzedoen, huet den Aumônier vun der Force publique, de lieutenant-colonel Nicolas Wenner, nawell waarm Wierder fir den Defenseminister fonnt. Virun allem mat Bléck op den Accident um Waldhaff am Februar 2019, bei deem zwee Zaldoten ëm d'Liewe komm waren.

"An ni vergiessen ech Är Presenz an deenen Deeg deemools. D'Zäit, déi Dir Iech fir d'Familljen am Leed geholl an echt matgefillt hutt. Dir hutt an all de vergaangene Joren, jo, de Mantel ëmmer ganz mat eis gedeelt."

De François Bausch huet sengersäits der Verwaltung vun der Arméi fir déi gutt Zesummenaarbecht Merci gesot. Et hätt een an deene leschte fënnef Joer vill Projete realiséiert, respektiv op de Wee bruecht. 18 Gesetzer an 22 Reglementer wiere gestëmmt an op den Instanzewee bruecht ginn. Mat deenen neien Lignes directrices, déi bis 2035 gëllen, hätt een de Wee an d'Zukunft vun der Lëtzebuerger Defense gezeechent. Mat der A2 an der B1 wieren zudeem zwou nei Karriäre agefouert ginn an duerch d'Carrière ouverte an d'Voie expresse hätten d'Zaldoten nei berufflech Perspektive kritt. An och d'Moderniséierung vun den Infrastrukture wier op der Schinn.

"Mir komme ganz gutt weider, ech mengen, et gesäit ee jo lo och scho siichtbar, d'Sportshal, déi aus dem Buedem wiisst. Alles, wat alles hei um Härebierg selwer ass, mengen ech, wäerte mer tip top am Timing leien. Ech hoffen, datt déi nei Chamber relativ séier de Bleesdall an de Waldhaff stëmmt. Dat sinn zwee Gesetzer, déi ech nach deposéiert hunn, well dat sinn och zwou wichteg Infrastrukture fir d'Arméi. Wann déi bis zur nächster Summerpaus vun der neier Chamber gestëmmt kéinte ginn, da kéime mer och do am Timing lass."

Och an de Beräicher Cyber a Space wier a géif weider investéiert ginn. Als Beispiller huet den Nach-Defenseminister d'Cyber Cloud, d'Cyber Range, den Observatiounssatellit LUXEOSys an d'Satellittekommunikatioun mam GovSat opgezielt. Déi aktuell Kricher uechter d'Welt géinge weisen, datt de Cyber an de Space och fir d'Militär ëmmer méi wichteg ginn.

Hei dat offiziellt Schreiwes:

L'armée luxembourgeoise célèbre la fête patronale Saint-Martin au Centre militaire (10.11.2023)
Communiqué par : état-major de l'armée

En date du 10 novembre 2023, l'armée a célébré sa fête patronale Saint-Martin au Centre militaire à Diekirch, en présence du Vice-Premier ministre, ministre de la Défense, François Bausch.

La Saint-Martin est une fête traditionnelle en souvenir de Martin de Tours, un évêque chrétien du IVe siècle connu pour son humilité, sa charité et son dévouement envers les pauvres et les malades. Né en Pannonie (actuelle Hongrie), il a été élevé en Italie et a rejoint l'armée à l'âge de quinze ans. Après avoir été baptisé à l'âge de dix-huit ans, il a quitté l'armée et est devenu disciple de l'évêque de Poitiers avant d'être nommé évêque de Tours. ll est surtout renommé pour son geste du partage du manteau avec un déshérité transi de froid au cœur de l'hiver.

L'aumônier général de la force publique, lieutenant-colonel Nicolas Wenner a mis, dans son allocution, l'accent sur l'importance du respect mutuel, de l'engagement, de l'endurance et de la justice dans nos actions, afin de pouvoir vivre ensemble en paix.

Lors de son discours, le commandant des Forces, colonel Alain Schoeben, a exposé ses réflexions sur les valeurs militaires en évoquant les traditions de l'armée luxembourgeoise.

Lors de son allocution, le ministre François Bausch a fait un tour d'horizon général des nombreux dossiers achevés et entamés pendant la dernière période législative au sein de l'armée. François Bausch a remercié l'ensemble du personnel de son engagement et de sa collaboration au cours des cinq dernières années. En outre, le ministre a souligné l'importance de la nouvelle loi sur l'organisation de l'armée luxembourgeoise qui introduit, entre autres, de nouvelles carrières et de nouvelles voies de promotion professionnelle au sein de l'armée.

Dans le cadre de la cérémonie, le chef d'état-major, général Steve Thull, a décerné les dagues d'honneur de sous-officier au sergent Mirco Kips et au sergent Marco Delbrassinne. Le sergent Giuseppe Bennici, qui ne pouvait pas être présent lors de la cérémonie, se verra décerner la dague d'honneur ultérieurement.