Generol an Arméisgewerkschaft net enger Meenung

Mam neien Arméisgesetz, dat am Juli gestëmmt gouf, gouf den Zäitraum, fir dee sech en Zaldot bei der Lëtzebuerger Arméi verflicht, vun 3 op 4 Joer gesat.
Am Januar 2024 wäerten déi éischt Rekrutten ënnert deen neie Regime falen. Am Fong hat sech den État major fir fënnef Joer ausgeschwat, d'Arméisgewerkschaft SPAL wollt et bei dräi Joer beloossen an dofir d'Grondausbildung vu véier op dräi Méint erofsetzen. Um Enn huet ee sech an der Mëtt getraff. Virun zwee Joer hat de SPAL eng Ëmfro ënnert de fräiwëllegen Zaldote duerchgefouert, där no sech 75 Prozent vun de Participante géint ee Kontrakt vu fënnef Joer ausgeschwat hunn. Hannert der Representativitéit vun där Ëmfro stoung awer ee Fragezeechen. Um Bord vun der Mäertensfeier dorobber ugeschwat, ob déi nei Reegelung um Terrain akzeptéiert gëtt, war et e Freideg vum Generol Steve Thull dës Äntwert:
"Um Niveau vun der Arméi gëtt et guer kee Problem, dat dote sou ze gesinn. Et war just de SPAL, deen dat aneschters gesinn huet. Mëttlerweil läit awer och eng Propositioun do, datt se eventuell wéilten op zéng Joer goen. Also ass dat doten net ee Problem vun de Leit, mee dat war ee Problem vun der Astellung vum SPAL."
Well d'Grondausbildung haut méi komplex wier wéi fréier, géif méi Zäit gebraucht ginn. Dowéinst wier et wichteg, datt d'Zaldote sech méi laang verflichten, well ee se soss net laang genuch asetze kéint. Et géing drëm goen, datt d'Arméi hire militäreschen Aufgabe och an Zukunft gerecht ka ginn. En plus missten duerch eng länger Lafzäit vum Kontrakt manner Zaldote pro Joer rekrutéiert ginn. Wat eng Verflichtung iwwert zéng Joer ugeet, fënnt de Steve Thull et onlogesch, datt de SPAL dës elo fuerdert, wärend ee sech viru Kuerzem nach vehement géint fënnef Joer gewiert huet. Esou laang géingen d'Zaldote mol net an den Nopeschlänner an der Arméi bleiwen. Lëtzebuerg bräicht am Fong méiglechst vill jonk Zäit-Zaldoten, déi um Terrain agesat kënne ginn. Et wier och net evident, no zéng Joer eng aner Aarbechtsplaz fir d'Leit ze fannen, och net an der Fonction publique.
Mat Bléck op d'Ëmfro vum SPAL ënnert de fräiwëllegen Zaldoten, seet de Generol, datt déi net vill aussoe géing, well déi Befrote sech fir dräi Joer engagéiert hätten. Et kéint zwar sinn, datt ee längeren Zäitraum e puer Leit ofschrecke géing, mee well ee gläichzäiteg manner Rekrutte pro Joer braucht, géing sech dat rëm ausgläichen.
SPAL reagéiert op Aussoe vum Steve Thull
D'Arméisgewerkschaft SPAL reagéiert op Aussoen, déi de Chef d'état major Steve Thull um Méindeg de Moie bei eis op der Antenn gemaach huet. De Generol hat duerchblécke gelooss, datt de SPAL fuerdere géing, datt sech Zaldoten an Zukunft fir zéng Joer vis-à-vis vun der Arméi verflichten. Virum Hannergrond, datt sech de SPAL laang géint een Eropsetze vun dräi op fënnef Joer gewiert an ee sech schlussendlech an der Mëtt bei véier Joer getraff huet, wier d'Fuerderung no zéng Joer net logesch. D'Gewerkschaft deelt elo vis-à-vis vun RTL mat, datt een dem Defenseminister François Bausch am Joer 2022 d'Konzept mam Titel "Den Zäitzaldot" presentéiert, dat näischt mam aktuelle fräiwëllege Modell ze doen hätt. Den Zaldotestatutt sollt reforméiert an opgewäert an d'Carrière C2 agefouert ginn. Dat géif zu méi Stabilitéit an Attraktivitéit féieren. Et géif een hei vu Fonctionnaire, also professionellen Zaldote schwätzen. Dës kéint ee länger asetzen. No deenen zéng Joer missten déi Betraffen d'Méiglechkeet kréien, an enger anerer Verwaltung ënner Daach ze kommen.