"Déi Ausso ass komplett aus dem Kontext gerappt"

© RTL/Archiv
D'Arméisgewerkschaft wéilt net einfach de Fräiwëllegendéngscht op zéng Joer verlängeren, mee datt aus den Zaldote Fonctionnaire ginn.
E Méindegmoien huet de Chef vum état major, Steve Thull, bei eis op der Antenn eng Fuerderung vun der Arméisgewerkschaft SPAL, d'Zäit, déi Zaldoten an der Arméi bleiwen, vun elo véier op zéng Joer eropzesetzen, kritiséiert. Ma et huet net laang gedauert, bis ee beim SPAL reagéiert huet. De Generol hätt zwou verschidde Saache matenee vermëscht.
Et géing een nämlech net einfach vun enger Verlängerung vum Fräiwëllegendéngscht vu véier op zéng Joer, mee vun enger Verännerung vum ganze Modell schwätzen. D'Propose vum SPAL wier dorobber ausgeriicht, datt d'Zaldoten an Zukunft de Statutt vun engem Fonctionnaire kréien an an der Karriär C2 agestallt ginn. No zéng Joer misste se dann d'Recht kréien, an enger anerer Verwaltung ënner Daach ze kommen. Fir eng Karriär C2 brauch ee kee bestëmmten Diplom. Datt dat zum Problem kéint féieren, datt sech aner Verwaltungen spéider dogéint wieren, Leit mat niddreger Qualifikatioun ze iwwerhuelen, mengt de SPAL-President Christian Schleck net.
"Mir schwätzen déi selwecht Populatioun un, déi mer haut uschwätzen. Och haut brauchs de keen Niveau d'études fir an d'Lëtzebuerger Arméi eranzekommen, als fräiwëllegen Zaldot. Ech mengen, et muss een de Leit och Perspektive ginn. Et ass jo net d'office esou, datt een ouni Schoulniveau an d'Arméi géing kommen zu deem Zäitpunkt. Mee wann ee méi huet, kann een natierlech och aner Karriären ustriewen. Mir hunn net nëmmen där dote Karriären unzebidden, souwuel net an der Arméi, mee awer och net beim Staat. Dat heescht, dat ass eng Saach, wéi een dee Message do am beschte vermëttelt."
Den Zäitraum vun zéng Joer wier elo mol eng Propose, op déi een net mordikus géing bestoen, et misst een deen neie System souwisou no enger gewësser Zäit, beispillsweis no fënnef Joer, evaluéieren. De Christian Schleck weist sech iwwerrascht, datt de Steve Thull elo an der Ëffentlechkeet iwwert déi Propose schwätzt, et hätt een déi nämlech bis elo just dem Defenseminister François Bausch presentéiert. Dono gefrot, firwat de Generol dat gemaach kéint hunn, mengt de SPAL-President:
"Wat de Beweeggrond dovunner ass, dat kann ech Iech net soen, do musst der hie vläicht selwer froen. Ech hoffe just, datt et net dat ass, datt e géint ee méi moderne a méi rechtsséchere Statut ass, well dat ass de Grond aus deem mir op dee Wee ginn."
Et wier een als Gewerkschaft a senger Roll, wann een no vir kucken a Verbesserunge fir de Betrib a fir d'Leit areechen wéilt. Elo géing een de Kontakt mam Steve Thull sichen, et wier een nämlech verflicht zesummenzeschaffen. De Christian Schleck op alle Fall optimistesch, datt dat och an Zukunft gelénge wäert.