36 Mënschen hunn zejoert op de Lëtzebuerger Stroossen hiert Liewe verluer
All Joer am November gëtt op Invitatioun vun der AVR eng Gedenkfeier beim Erënnerungsmonument zu Weimericht an der Gemeng Jonglënster organiséiert.
Op deem Ament gëtt net just de Verstuerwenen a schwéier Blesséierte geduecht, mee et gëtt och drun erënnert, dass hanner Zuelen a Statistike ebe Mënsche stiechen. Liewe vu Betraffenen an Hannerbliwwenen, déi duerch e Verkéiersaccident bannent engem Brochdeel vu Sekonnen op d’Kopp geheit goufen.
Net eleng d’AVR, d'Association des victimes de la route, déi concernéierte Familljen no engem Ongléck mat Rot an Dot zur Säit steet, wënscht sech, dass een emol vun Null Verkéiersdoudege kéint berichten. Sou de Charles Bruck, Vizepresident vun der AVR.
"Ech géif esou gären d’AVR ofschafen, dass mer se net méi bräichten, mee et ass éischter am Ablack de Contraire. Et geet drëms weiderhin de Courage ze hunn, fir wieder ze maachen, fir ze kucken, wéi eng Méiglechkeeten, dass mer hunn, eben och präventiv."
Moossname wéi d’Raarde géife sécherlech net jidderengem gefalen an awer wier bewisen, datt op sou Strecken zënter de Blëtzer manner uerg Accidenter géife geschéien, sou nach de Charles Bruck. De Paul Hammelmann, President vun der Sécurité routière, begréisst an deem Sënn och de Koalitiounsaccord vun der neier schwaarz-bloer Regierung.
"Si maache weider an deene Punkten, déi eis wichteg sinn, wéi Contrôles automatisés vun der Vitess. Si kucken no de Beem. Do steet textuell dran, datt Leitplanke laanscht d’Beem kommen, laanscht all déi Beem, déi geféierlech sinn. A souguer bei neie Stroosse komme keng Beem méi, wéi dat leider nach de Fall war, mee do kommen Hecken hin. Eppes, wat mir schonn zënter Joerzéngte froen a wou mer oft gesot kritt hunn, dat wär ekologesch net dat selwecht. Mënscheliewen an Ekologie passt iergendwéi net zesummen. Fir mech ginn d’Mënscheliewe vir."
Präventiv Mesurë wiere weider wichteg an do wëll d’Sécurité routière och zesumme mat der AVR an der Police weider hir Roll spillen.