Statec-Projektioun: 2051 si geschat 28,4% vun der Bevëlkerung 60+
Den Alter ass en Thema, dat eis all beschäftegt oder beschäftege sollt.
Wa mer jonk sinn, leeë mer nämlech de Grondstee fir eist Liewen am héijen Alter, seet d'Professer Dr. Anna Kurnadt vun der Uni Lëtzebuerg. Si ass Psychologin a leet d'Departement fir Verhalens- a Kognitiounswëssenschaften. Gefuerscht gëtt ënnert anerem op Theme wéi Altersdiskriminatioun an intergenerationellen Dialog.
Wat bedeit dat fir eis Gesellschaft, wann ëmmer méi Leit méi al ginn?
"Zunächst einmal bedeutet das, dass wir die Potentiale dieser älteren Menschen nutzen sollten oder müssen, also zu schauen, was können diese Leute, was tragen die denn bei zu unserer Gesellschaft. Das ist ein ganz ganz wichtiger Punkt, dass man nicht sagt 'wir schieben jetzt alle über 60 aufs Abstellgleis' sondern kucken, was haben die für Erfahrungen, was können die der Gesellschaft noch mitgeben, in welchem Bereich auch immer. Und dann ist es eben wichtig, dass wir in den intergenerationellen Dialog gehen, also dass wir schauen, wie können wir die Bedürfnisse, die Wünsche, die Ziele der Jüngeren und der Älteren miteinander verbinden in der Gesellschaft."

De Statec huet makroekonomesch demographesch Projektioune bis d'Joer 2051 gemaach. Eis Bevëlkerung wäert wuessen an och de prozentualen Undeel u Senioren iwwer 60 Joer. Op den 31. Dezember 2022 hunn hei am Land 660.809 Leit gelieft, vun deenen 20,6% 60 Joer oder méi al waren. Dat heescht 136.374 Persounen. An zwanzeg Joer, am Joer 2042, gesinn d'Statec-Projektioune vir, dass hei am Grand-Duché 937.321 Persoune wäerte wunnen, vun deenen der 255.576 (27,3%) wäerten iwwer 60 sinn. Dovunner da 60.342 souguer iwwer 80 Joer.
Mir hu mat zwou Persounen, déi allebéid d'nächst Joer hir 80 Joer kréien, iwwert den Alter geschwat.
D'Idette Cattivelli war Turnjoffer a war als Monitrice fir den Turnveräin Le Travail Schifflange aktiv. Wéi si an d'Pensioun gaangen ass, wollt si am Fong keng Turncoursë méi ginn. Mä et koum alles anescht. 6 Méint nodeems si an d'Pensioun gaangen ass, ass si gefrot ginn, fir Coursë fir Leit iwwer 50 Joer ze halen. An dat mécht si elo schonn zënter 19 Joer. Zweemol an der Woch gëtt si Turncoursë fir d'Club Haus Beim Kiosk zu Schëffleng.
"Ech bleiwen doduercher mengen ech jonk, géing ech soen. Et ass net d'Turnen eleng, awer et ass dat ganzt, wat dozou gehéiert."
Den Tony Tintinger ass fréiere Stärekach. Wéi hien als Kach vu sengem Restaurant Clairefontaine an d'Pensioun gaangen ass, war nach net Schluss. Bis 75 Joer huet hie weidergeschafft als Beroder fir d'Gastronomie, huet gehollef, nei Restaurante ze plangen an opzemaachen. An der Covid-Pandemie huet hie sech eng nei Beschäftegung gesicht an ass op d'Dréibänk opmierksam ginn. Lo si Peffermille säin neisten Dada. Aus Stécker Holz oder och aus alen Holzmiwwele stellt hien a sengem Atelier Peffer- a Muskatmillen hier. A säin Entrepreneursgeescht huet hie behalen. Op véier verschiddene Plazen am Land verkeeft hie seng Unikater an och um Chrëschtmaart zu Nidderaanwen, vum 8. bis den 10. Dezember, huet hien e Stand.
Hie gesäit vill Positives um Alter: "Du weess vill, du gëss gemittlech, du gëss roueg, du kanns dech vill freeën. Ech gesinn dat och positiv, ech iesse vill manner. Du brauchs net méi sou vill. Net méi sou Quantitéiten a sou Qualitéiten. Ech sinn haut ganz zefridde mat Hausmannskascht. Ech hu mol guer keng Freed méi un der ganz gehuewener Kichen, awer ech hu Freed un enger ganz einfacher Kichen, déi richteg gutt gemaach ass. An dat maachen ech mer ganz dacks selwer."