"Mir ginn am Fong ni agebonnen, dat heescht och bei deenen Auditten, där sinn der jo schonn eng Hellewull gemaach ginn", esou d'Marlène Negrini.

D'Police vun der Police, dat ass de Spëtznumm vun der Inspection générale de la police. Eng vun hiren Aufgaben ass et, Auditten an Etüden zum Fonctionnement vun der Police duerchzeféieren. Aktuell huet een dräi Projeten um Dësch leien. Wärend een Audit wichteg Erkenntnisser iwwert d'Gestaltung vun enger zukünfteger Gemengepolice liwwere kéint, gëtt et Kritik vun der Policegewerkschaft SNPGL.

Auditten duerch d'IGP (Deel 2) - Reportage vum Marc Hoscheid

D'Formation continue, d'Instruction tactique de base an d'Réorganisation territoriale aus dem Joer 2018 soll d'IGP nom Wëlle vum viregte Policeminister Henri Kox duerch Befroungen ënnert d'Lupp huelen. Esou Auditten, respektiv Etüde kënne souwuel vum Police- a Justizminister wéi och vum Procureur général an Optrag gi ginn. D'IGP ka sech net selwer chargéieren. Bei der territorialer Reorganisatioun geet et awer manner ëm d'Perceptioun vun de Polizisten, wéi d'Monique Stirn, directrice générale vun der IGP, erkläert.

"Do gëtt gekuckt, a wéi enger Mesure déi Réorganisation territoriale, déi jo duerch d'Reform vun 2018 gemaach ginn ass, ob d'Objektiver vun der Reorganisatioun areecht gi sinn, dat awer vun der Vue vum Bierger aus. Dat heescht, ob d'Attente vum Bierger areecht gi si respektiv wéi et ass par Rapport vun der Disponibilitéit an der Accessibilitéit vun der Police."

Am Kader vun deem Audit ginn ënnert anerem eng Partie Buergermeeschteren dono gefrot, wat fir ee Feedback si vun de Bierger a Bezuch op d'Policepresenz kréien. D'Resultat kéint och interessant fir déi nei CSV-DP-Regierung sinn, déi jo eng Gemengepolice an d'Liewe ruffe wëll.

Bei all Audit an Etüd kréien och d'Gewerkschaften ee Questionnaire geschéckt. Ma d'Presidentin vum Syndicat national de la Police Grand-ducale, kuerz SNPGL, Marlène Negrini, kritiséiert, datt een trotzdeem net genuch géing implizéiert ginn.

"Mir ginn am Fong ni agebonnen, dat heescht och bei deenen Auditten, där sinn der jo schonn eng Hellewull gemaach ginn. Do gëtt et ëmmer eng éischt Reunioun, ware mer nach ni derbäi. Do gëtt herno een ofschléissende Rapport verschéckt, oder geschriwwen an dono verschéckt, an dann ass et natierlech um Demandeur, fir dann deen och weiderzeginn, hu mer nach ni gesinn."

Well ee meeschtens net wéisst, wéi verschidde Mesuren an der Theorie ausgesinn a wéi se spéider konkret um Terrain ëmgesat ginn, kéint een dacks guer net oder nëmme ganz ageschränkt op d'Froen aus de Questionnairen äntweren. Beim SNPGL géing ee sech zudeem wënschen, datt een déi fäerdeg Rapporten automatesch geschéckt kritt. Eng Begrënnung dofir, datt d'Gewerkschaften net méi agebonne ginn, hätt ee bis elo net kritt. Mä keng Äntwert wier heiansdo och eng Äntwert.