13 Suppleanten, déi fir déi nei Regierungsmemberen noréckelen, sinn d'lescht Woch an der Chamber vereedegt ginn.

Domadder ass d’Parlament komplett an d’Aarbecht kann ugoen. Wie sinn déi nei Deputéiert an op wat wëlle si hiren Accent setzen? An enger Serie stelle mir Iech d’Deputéiert am Portrait vir.

Bekannt ass d’Stéphanie Weydert bis ewell virun allem als Buergermeeschtesch vun der klenger Ost-Gemeng Rouspert-Mompech. Eng Aarbecht, déi hir besonnesch um Häerze läit, sot d’CSV-Politikerin an hirem Büro an der Gemeng. Ee besonnesche Moment wier fir si gewiescht, wéi si bei de Walen dëst Joer als Buergermeeschtesch confirméiert gouf. Fir d’éischte Kéier Buergermeeschtesch gouf si nämlech am September zejoert, nom Récktrëtt vum Romain Osweiler. En Duebel-Mandat ass fir si kee Problem, si wier gewinnt vill ze schaffen.

Den Asaz fir d’Gemeng soll op jidder Fall och mam Mandat an der Chamber bleiwen. Vun der Gemengepolitik hëlt si verschidden Dossieren mat an déi national Politik, déi gemengeniwwergräifend sollte gekuckt ginn. D’Stéphanie Weydert huet d’Beispill vun den Iwwerschwemmunge genannt. Zu Rouspert-Mompech war ënnert anerem d’Schwemm zerstéiert ginn. Et wier op nationalem Plang wichteg, déi néideg Moyenen zur Verfügung ze stellen, fir dass esou Infrastrukturen erëm kënnen opgebaut ginn.

An der Chamber wëll sech déi geléiert Affekotin och fir eng staark Wirtschaft asetzen. Ouni eng kompetitiv Ekonomie wier och e staarke Sozialstaat net méiglech, esou d’CSV-Politikerin. Doriwwer eraus wier den Naturschutz e wichtege Pilier. Landwirtschaft a Wäibau fält an de Kommissiounen och ënnert hir Kompetenzen. Dat soll, esou d’Stéphanie Weydert, hir Kontributioun zu den Ëmweltdossiere ginn.

An hirer Fräizäit mécht déi nei Deputéiert Musek. Nieft Saxophon a Piano huet si viru véier Joer ugefaangen, Cello ze léieren.